Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Théo Péporté, gebuer 1953, war bis den 1. Oktober 2013[1] Responsabele vum Kommunikatiouns- a Presseservice a Porte-parole vum der Äerzdiözees Lëtzebuerg.

Théo Péporté
Gebuer 1953
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geeschtlechen, Filmkritiker

An där Funktioun war hien och de Vertrieder fir Lëtzebuerg vu Signis Europa. Hien ass och Filmkritiker a Member vu verschiddene Jurye vu Festivaller.

Virdru war hien den Direkter vum Centre chrétien d'éducation des adultes a President vum Info-Video Center.

Hien ass ausserdeem a verschiddene Verwaltungsréit, wéi z. B. beim Radio 100,7 oder vun der Fondatioun Lëtzebuerger Guiden a Scouten am Déngscht vun de Jonken.

Referenzen änneren

  1. "Kathoulesch Kierch: Roger Nilles Successeur vum Théo Péporté." RTL.lu - 27.08.2013, 15:03 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.08.2013, 15:20.