Den Théiwesbur ass en ale Wäschbuer am Pafendall. En ass nieft der Pafendaller Kierch. De Buer gouf der Legend no, vum hellege Martin [Source?] nom "Théiwes" (sic.) genannt, enger aler Form vum Numm vum Evangelist Matthäus oder Matthieu, dem Patréiner vun der haiteger Kierch.

Den Théiwesbur am Pafendall

D'Waasser aus dem Buer gouf fréier als Drénkwaasser benotzt awer och fir am Wäschbuer op der aner Säit vun der Strooss d'Wäsch ze maachen.

1897 huet d'Stad Lëtzebuerg decidéiert fir d'Sichegaass (déi fréier "Rue des Fleurs") ze sanéieren. Bis op den Théiwesbur goufe bis Enn vun den 1920er Joren all d'Haiser ofgerappt. D'Awunner hunn hir Haiser misse verloossen an hunn deelweis a Roulotte gewunnt.

Mam „Lidd vum Théiwesbur“[1] huet de Fritz Weimerskirch (1895-1971) géint d'Sanéierungspolitik vun der Gemeng protestéiert; den Théiwesbur ass mat dësem Lidd iwwer d'Stad eraus bekannt gemaach ginn[2].

D'Kneipp-Foussbad ënnen an uewen den Théiwesbur lénks niewend der Pafendaller Kierch

De Wäschbuer op der anerer Stroossesäit gouf am Fréijoer 2016 als e Kneipp-Foussbad[3] ëmfunktionéiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Théiwesbur – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. d'Lidd vum Théiwesbu(e)r, ons stad Nr. 13, 1983, p. 19
  2. Quell wann net anescht uginn: Danièle Wagener, an Zesummenaarbecht mam Syndicat d'Intérêts Locaux Pfaffenthal-Siechenhof, 2015, Broschür am Kader vun der Ausstellung „De Pafendall, Histoires d'un quartier – Geschichten eines Stadtviertels“ am Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg
  3. pfaffenthal.info