Terrestresch
Terrestresch ginn déi Methode, Virgäng, Daten, Systemer, Instrumenter, Organismen oder Objete genannt, déi
- sech op de Planéit Äerd bezéien (terrestresch = ierdesch) oder
- op der Äerd sinn resp. sech do ofspillen (terrestresch = äerdgebonnen) oder
- zu der Landfläch vun der Äerd resp. zu Uwennungen oder Prozesser gehéieren, déi sech um Land (an net an der Loft oder um Waasser) ofspillen (terrestresch = landgestëtzt).
Beispiller
änneren- terrestresch = ierdesch
- Terrestresch Koordinaten- a Bezuchssystemer (am Géigesaz zu astronomesche Systemer);
- planetar a global Eegenschaften déi zu der Äerd gehéieren (z. B.: Magnéitfeld, Magnetismus …), geologesch Virgäng souwéi entspriechend Miessdaten;
- ierdesch Verhältnesser am Verglach oder a Bezéieung zu der Sonn, zum Äerdmound, zu anere Planéiten asw.
- terrestresch = äerdgebonnen
- äerdgebonnen Observatoiren, Moossinstrumenter oder Methoden am Géigesaz zu anerer, déi am Loftraum oder Universum agesat ginn (z. B. satellittegestëtzt Methoden);
- terrestresch = landgestëtzt
- landgestëtzte Verkéiersmëttel, Waffesystemer asw.
- Déieren, Planzen an aner Organismen souwéi geologesch Oflagerungsraim um Land – am Géigesaz zu deenen am Waasser (aquatil, aquatesch), also z. B. am Ozean (marin) oder am Bannegewässer (limnesch, fluviatil);
- bei Planze ginn nëmmen Aarten als terrestresch ugesinn, déi direkt am Äerdbuedem wuerzelen an net op Gestengs oder anere Planzen asw. wuessen.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenWiktionnaire: terrestrisch Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen |