Termoli ass eng Stad an Italien. Si läit an der Provënz Campobasso an an der Regioun Molise.

Termoli
Land Italien
Regioun Molise
Provënz Campobasso
Koordinaten 42°0'10"N, 14°59'41"O
Fläch 55,64 km²
Awunner 32.235 (1. Januar 2023)
Héicht 15 m
ISTAT 070078

D'Alstadt Borgo Vecchio läit op enger Landzong, déi an d'Mier erageet. Si gëtt vun engem Stauferkastell dominéiert, dat spéider am aragonesesche Stil ëmgebaut gouf. Kuckeswäert an der Alstad ass de romaneschen Doum mat senge ville figuralen Aarbechten.

Termoli läit an der Wäibauregioun Abruzzen a Molise.

Nopeschgemengen

änneren

Campomarino, Guglionesi, Petacciato, Portocannone, San Giacomo degli Schiavoni.

Fotogalerie

änneren
 
Panorama vun der Stad

Um Spaweck

änneren