Terminal Aerodrome Forecast
Dëse Meteorologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Terminal Aerodrome Forecast (TAF) ass eng standardiséiert Meldung fir d'Wiederprevisioune vun engem Fluchhafen. D'TAF enthält wéi de METAR aktuell Informatiounen iwwer d'Temperatur, de Wand, d'Wolleken, Siichtwäit a Loftdrock an d'Wiederentwécklung am Gëltegkeetszäitraum.
Si gëtt all 3 Stonnen erstallt an huet eng Gëltegkeet vun 9 (Short-TAF) respektiv 24 Stonnen (Long-TAF). Eng amendéiert TAF (TAF AMD) gëtt erausginn, wann déi aktuell TAF net méi dat aktuellt Wieder oder d'Wiederprevisioun representéiert.
Generell Syntax
ännerenTAF - ICAO-Code vum Fluchhafen - Dag an Zeit (UTC) vun der Meldung - Gëltegkeetszäitraum - Wandrichtung a -vitess - Landebunnsiichtwäit - Wolleken - Wiederprevisioun am Gëltegkeetszäitraum |
---|
Opbau vun enger TAF-Meldung
ännerenDëst Beispill ass eng TAF-Meldung vum Findel no de WMO-Richtlinnen, an ass erstallt ginn de 17. Oktober 2007 ëm 14 Auer UTC:
TAF ELLX 171400Z 171524 29012KT 7000 BKN005 BKN020 BECMG 2022 33010KT 9999 SCT007 BKN012 TEMPO 2224 5000 -SHRA=
- TAF weist un datt dëst eng standardiséiert TAF-Meldung ass
- ELLX ass den ICAO-Code vum Fluchhafe Lëtzebuerg
- 171400Z weist den Datum an d'Zäit wéini datt den TAF erstallt gouf. An dësem Beispill de 17. vum Mount um 14:00 Auer UTC
- 171524 weist de Gëltegkeetszäitraum un. An dësem Beispill de 17. vum Mount vu 15 Auer UTC bis 24 Auer UTC
- 29012KT weist d'Wandrichtung (290 Grad oder Westnordwest) an d'Wandvitesse (12 Kniet oder 22 km/h)
- BKN005 BKN020 weist d'Bewëlkung. An dësem Beispill ass den Himmel 5-7 Aachtel bedeckt op enger Héicht vu 500 Fouss bis 2000 Fouss iwwer dem Grond
- BECMG 2022 33010KT 9999 SCT007 BKN012 bedeit datt de Wand tëscht 20 Auer UTC an 22 Auer UTC aus Nordwest mat 10 Kniet oder 18 km/h, Siichtwäit iwwer 10 km wäert sinn an den Himmel op enger Héicht vu 700 Fouss 3-4 Aachtel an op enger Héicht vun 1200 Fouss 5-7 Aachtel bedeckt wäert sinn
- TEMPO 2224 5000 -SHRA bedeit datt et temporär tëscht 22 Auer UTC an 24 Auer UTC d'Siichtwäit 5 km wäert sinn an et zu liichte Reenschauere kënnt
- = bedeit datt den TAF zu Enn ass
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- http://weather.noaa.gov/weather/taf.shtml - Opruff vun engem TAF iwwer den ICAO-Code (englesch)
- https://web.archive.org/web/20081210114659/http://aviationweather.gov/static/help/taf-decode.php - Erklärung zum TAF (englesch)
- Aktuell Meteo a Previsioun am Kloertext