Teleskopleederwon mat Kuerf

En Teleskopleederwon mat Kuerf oder TLK, ass e Pompjeesgefier mat engem Hiefrettungskuerf, deen duerch en Teleskopaarm an d'Luucht ka gehuewe ginn.

Den TLK 23-12 vun de Mamer Pompjeeën

Virdeeler vum Teleskopaarm änneren

  • Den Teleskopaarm ass bannen 30 Sekonnen ausgefuer.
  • En Inox Waasserrouer ass integréiert. De Pompjee brauch kee Schlauch mat op d'Aarbechtsbün ze schleefen.
  • D'Stabilitéit ass méi grouss wéi am Fall enger Leeder, déi keen aneren Halt huet.
  • De Kuerf ka vun engem Kommandostull, deen nieft dem Aarmsockel fixéiert ass, vun hanner dem Won op Buedemhéicht (lénks oder riets) oder vun der Bün, dem "Kuerf" gesteiert ginn.
  • Den Niveau gëtt duerch elektronesch gesteiert Säitestriewen automatesch ugepasst. Dat bréngt mat sech, wann den Aarm net iwwer déi maximal Nennausluedung geteiert ka ginn.
  • D'Gesamtlängt vum Won geetnet iwwer 9 Meter eraus, an en huet hanne keen Iwwerhang. De Won ass also och a méi schmuele Stroossen ze benotzen.
  • Mat Ausklappbün léisst sech Feier net nëmme vu vir bekämpfen, mä och vun der Säit.
 
Sujet:TLK Steierpult beim Sëtz op der Plattform

Technesches änneren

  • Den Teleskopaarm huet eng Waasserleeschtung vun 2.300 Liter an der Minutt.
  • Op der Bün ka geschafft gi bis op eng Héicht vun 32 Meter mat enger Kuerfbelaaschtung vun 325 Kilo.

Lëtzebuergesch Pompjeescorpsë mat TLK änneren

Zu Lëtzebuerg gëtt et am Ament véier Pompjeescorpsen déi mat engem TLK ekipéiert sinn:

De Weltmaart änneren

De Weltmaart gëtt beherrscht vun "Bronto Skylift OY AB", eng finnesch Entreprise mat Filialen a Schweden, an der Schwäiz an an Däitschland, déi zu der "Federal Signal Corporation" gehéiert. Zanter bal 40 Joer gi Bronto Skylifte gebaut.

Kuckt och änneren