Tektitten (vum Griicheschen tektos - geschmollt) si bis zu e puer Zentimeter grouss Glasobjeten, déi zwar en ierdeschen Urspronk hunn, awer duerch den Aschlag vu grousse Meteoritten op der Äerduewerfläch entstane sinn.

Schwaarzen Tektit
Moldavit
Aerodynamesch geformten Australit

Duerch den Aschlag gëtt ierdescht Material geschmollt a bis zu e puer honnert Kilometer fortgeschleidert, woubäi et zu Glas erstarrt. Tektitte si schwaarz oder gréngelzeg duerchsiichteg. D'Form variéiert vun aerodynamesch ronn, scheiwen-, drëps- oder hantelfërmeg bis onreegelméisseg.

Duerch d'Aart a Weis wéi s'entstinn, sinn d'Plaze wou Tektitte fonnt ginn, mat Aschlagkrateren associéiert. Sou ginn Tektitten déi an Tschechien fonnt ginn "Moldavitte" genannt, a mat dem Nördlinger Ries a Verbindung bruecht.

Bis elo si weltwäit eréischt véier Streefelder bekannt, wouvun der vun dräi hiren Urspronkskrater bekannt ass.

E puer Typpe vun Tektitten, gruppéiert no de véier bekannten ënnerschiddleche Streefelder:

Europäescht Streefeld
Nördlinger Ries, Däitschland, e ronn 14,6 Millioune Joer alen Aschlagkrater, dee wärend dem Ries-Evenement entstoung.
Australasiatescht Streefeld
Obwuel dëst Streefeld eendeiteg dat gréisst ass a ronn 10 % vun der Äerduewerfläch bedeckt, konnt bis elo nach kee Krater nogewise ginn. De Krater ass warscheinlech um Mieresbuedem a gouf vu méi jonken Oflagerungen iwwerdeckt. Den Alter vun den Tektitte gouf op ronn 0,7 Ma bestëmmt.
  • Australitten (Australien, donkel, meeschtens schwaarz)
  • Indochinitten (Südostasien, donkel, meeschtens schwaarz)
  • Chinitten (China, schwaarz)
Nordamerikanescht Streefeld
Chesapeake-Bay-Krater, USA, Alter: 34 Ma. Obschonn d'Bediasitten zanter en ettleche Joerzéngte bekannt sinn, gouf de Krater deen dozou gehéiert eréischt 1990 erkannt, well e gréisstendeels ënner dem Mier läit a vollstänneg vu Sedimente bedeckt gouf.
  • Bediasitten (USA, Texas, schwaarz)
  • Georgiaitten (USA, Georgia, gréngelzeg)
Côte d'Ivoire
Lake Bosumtwi-Krater, Ghana, Alter: 1 Ma
  • Ivoritten (Côte d'Ivoire, schwaarz)

Sou wéi den Obsidian goufen och Tektitte schonn virun en ettleche Joerdausende fir Gebrauchsgéigestänn, als Bijou a fir kultesch Zwecker gebraucht. Duerch Meteorittenaschléi ginn och sougenannt Impaktglieser produzéiert. Am Géigesaz zu den Tektitte gi se net ewechgeschleidert, mä bleiwen an der Géigend vum Krater.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Tektites – Biller, Videoen oder Audiodateien