Tauerntunnel (Eisebunn)

Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Tauerntunnel ass en Eisebunnstunnel just ënner dem Scheet vun den Hohen Tauern tëscht Böckstein am Bundesland Salzburg a Mallnitz a Kärnten.

Den Tunnel ass 8.550 Meter laang an zweegleiseg ausgebaut. De Scheed ass op enger Héicht vun 1.226 m.i.A.

De Bau vum Tauerntunnel war technesch ganz schwéier. Et gouf 1901 ugefaange mat Bauen an den Tunnel war 1906 fäerdeg. D'Elektrifizéierung gouf 1925 nogeholl.

Fir d'Séchertheet vum Tunnel ze verbesseren, goufen Aarbechte realiséiert déi e puer Joer gedauert hunn an 2004 fäerdeg waren. Fir dat Ganzt sou sécher wéi méiglech ze maachen, a fir am Fall vun engem Accident genuch ekipéiert ze sinn, goufen op den zwou Säite vum Tunnel zu Mallnitz-Obervellach an zu Böckstein vun der ÖBB speziell Rettungzich stationéiert.

De Ferroutage tëscht de Gare Böckstein a Mallnitz-Obervellach gëtt och Tauernschleis genannt.

Um Spaweck änneren

Abfahrtszeiten der Tauernschleuse