Taraxacum aphanochroum
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Taraxacum aphanochroum ass eng Bléieplanzenaart aus der Gattung Taraxacum (Pissblummen) aus der Famill vun den Asteraceae[1][2].
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ënnerräich | Tracheobionta |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Dikotyledonen |
Ënnerklass | Rosopsida |
Uerdnung | Asterales |
Famill | Asteraceae |
Ënnerfamill | Cichorioideae |
Gattung | Taraxacum |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Taraxacum aphanochroum | |
Hagend., Soest & Zevenb., 1970 | |
D'Aart ass an der Gemeng Wassenaar an Holland endeemesch. Hiert Verbreedungsgebitt ass op d'Naturgebitt Meijendel limitéiert. Si wiisst op Dünen. Zwéi Specimene goufen an de Joren 1939 an 1949 entdeckt, a fir den Ament ass d'Pissblummenaart ganz rar oder souguer ausgestuerwen[3].
Den Taraxacum aphanochroum ass ronn 5–18 cm héich mat engem stark schuppege Stamm. D'Blieder sinn hellgréng mat hellviolette Blatstiller. D'Infloreszenz ass ronn 3 cm am Duerchmiesser, mat schassgiele Blummen. D'Friichte si routbrong mat engem wäisse Pappus[3].