Talli

Schréi déi bei Terrassementer entsteet

En Talli (fr: talus de: Böschung) bezeechent op engem Terrain d'Schréi tëscht zwéi Punkten déi op verschiddenen Niveauen an op der Projektioun am selwechte Plang an enger gewëssener Distanz vunenee sinn. Ofgeleet dovu gëtt och eng ganz Fläch déi tëscht méi sou Punkte läit als Talli bezeechent. Am Allgemenge kann ee soen datt et e kuerzen Hank ass.

Kënschtlech Tallien um Aschnëtt vun enger Eisebunn

Tallie kënnen natierlech sinn oder vu Mënsche gemaach sinn. Si kënnen entstoe wann an enger méi oder wéineger glater Fläch Aschnëtter gemaach ginn, oder wa Material opgeschott gëtt. Si sinn deemno positif oder negatif vun där Fläch aus gesinn.

Am Terrain hänkt d'Schréi vum Talli an éischter Linn vum Buedemmaterial af. Op sandegem Buedem soll dofir, wann den Talli kënschtlech ugeluecht gëtt, dësen net ze vill géi sinn, well e soss ewechrutscht. Bei opgeschottenen Tallien ergëtt d'Pente sech meeschtens vum selwe beim Opschëdden.

An Uschnëtter a stengegen a fielsege Biedem kann déi Pente relativ géi sinn, well d'Material vu sech aus stabil ass. D'Uschnëtter sollen awer sou sinn datt och bei fielsegem Material eng ugehuele Pente nom Afrutsche vum Terrain, net iwwer 100 % eraus geet.

Laang Tallien entstinn haaptsächlech beim Bau vu Stroossen, Eisebunnen, Kanäl an Däicher.

Natierlech Tallien entstinn, wann tëscht zwou verschidde Gestengscouchen d'Erosioun um Wierk ass.

Kënschlech Tallie ginn dacks beplanzt, fir datt se duerch d'Wuerzelwierk eng gewësse Stabilitéit kréien. Dobäi muss opgepasst ginn datt keng Planze benotzt ginn, déi grouss Bamformen entwéckele kënnen, well soss besteet d'Gefor datt d'Gewiicht dovun ze grouss gëtt an den Talli doduerch ewechrutscht.