Swedish Solar Telescope

De Swedish Solar Telescope (kuerz SST) ass en Teleskop fir Sonnenobservatioun mat enger Ëffnung vun engem Meter Duerchmiesser. Et steet um Roque de los Muchachos Observatoire op La Palma. Et gëtt vum Institute for Solar Physics vun der Kinneklech Schweedescher Akademie vun de Wëssenschafte bedriwwen.

D'Gebai vum Swedish Solar Telescope

D'Teleskop huet eng Ëffnungswäit vun 98 cm. Domat ass et no deem 1895 gebaute Yerkes-Refrakter dat zweetgréisst Lënsenteleskop op der Äerd. En technesche Problem, deen de Gebrauch vum Teleskop vu Yerkes an aner grouss Teleskopen aschränkt, ass d'Verformung ënner hirem eegene Gewiicht. Beim SST gëtt dës Stéierung miniméiert, andeems dat eigentlecht Teleskop vertikal an engem Tuerm fest agebaut ass. Um Daach vum ronn 30m héije Gebai gëtt d'Sonneliicht iwwer een, der Beweegung vun der Sonn nogefouerten Zölostat, an d'Teleskop erageleet.

Den Teleskop gëtt bannen duerch d'Sonnestralung opgehëtzt. Eng Konvektion, déi sech doraus ergëtt kéint d'Opléisung staark stéieren. Fir déi Anomalie z'ëmgoen, ass den Tubus vum SST evakuéiert.

Den Teleskop ass mat enger adaptiver Optik ausgerëscht, déi d'Bild vun der Sonn 1000 mal pro Sekonn analyséiert, fir d'Loftonrou an der Atmosphär auszegläichen. D'Steierung vun der adaptiver Optik ass eng besonnesch Erausfuerderung. Bei der Observatioun vum Nuetshimmel kënne Fixsären, oder e kënschtleche Stär als Referenz gebraucht ginn. Am Dag ginn déi awer iwwerstraalt. Dofir dénge fir d'Sonnenobservatioun Detailer vun der Photosphär vun der Sonn als Vergläichsbild. Anescht wéi d'Stären ass dat Bild net punktfërmeg. Ausserdeem si se net ganz stationär. Dofir gëtt dat ganzt Bild vun der Sonn fir d'Berechnung vun de Korrekturen duerch d'adaptiv Optik erugezunn. Déi Technik gouf fir d'éischt um Sacramento Peak Solar Observatory an den USA gebraucht a fir de Virgängerteleskop vum SST weiderentwéckelt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Swedish Solar Telescope – Biller, Videoen oder Audiodateien