Sunnegga ass en alpine Plateau iwwer Zermatt am Rothorn Paradise-Schigebitt op 2.288 m.

Sunnegga
Land Schwäiz
Koordinaten 46°1'1,0"N, 7°46'13,1"O

Infrastruktur änneren

Um Sunnegga ass e Restaurant mat grousser Baussenterrasse an eng Schiliftstatioun.

Bedeitung am Schigebitt änneren

Vun Zermatt aus kënnt ee mat enger ënnerierdescher Standseelbunn duerch de Suneggatunnel op Sunnegga. D'Statioun iwwer Sunnegga ass de Blauherd. Vu Sunnegga kennt ee mat der Gondelbunn dohin. Aussergewéinlech ass, datt sech um Seel jeeweils eng Kabinn an oppe Sëtzer ofwiesselen.

Op Sunnegga ass ëmmer den 2er Sessellift vu Findeln ukomm. Dee gouf an der Tëschenzäit mat engem neie 4er Sessellift ersat, woubäi erhieflech Modifikatiounen um Baukomplex zu Sunnegga néideg waren. Findeln ass eng kleng Uertschaft mat Chaleten an e puer Restauranten.

Op Sunnegga ass och nach en Ufängersessellift mat enger ganz einfacher Pist. Et ass méiglech vu Sunnegga aus mam Schlitt op Zermatt ze fueren.

Iwwer d'Schipiste kann ee vu Sunnegga via Petrullarve op Zermatt ze fueren. Et kennt een dann um Riedweg eraus, vu wou ee mat engem Persounelift op Zermatt erofuere kann, fir an der Dallstatioun vum Sunneggaexpress erauszekommen.

Geschicht vum Sunnegga-Express änneren

Scho fréi ass de Wäert vum Tourismus fir Zermatt erkannt ginn. 1942 ass decidéiert ginn, fir d'Gebitt ëm Sunnegga z'erschléissen. Dowéinst gouf e Schilift gebaut, deen am Summer als "Geh"lift benotzt konnt ginn. Kuerz duerno ass dëse Lift fir d'Kapazitéit vun de Schifuerer net méi duergaangen an et gouf e Sessellift op der Trass vum Schilift gebaut. 1948 ass den ale Schilift vun der Wiesti tëscht Sunnegga an dem Blauherd nees opgebaut ginn. E Schoulmeeschter an eng Hotelsgrupp hu bei der Finanzéierung gehollef. 1960 ass d'Kapazitéit vum Lift op 600 Persounen pro Stonn erhéicht ginn. D'Sëtzer vum Sessellift sinn extra parallel zur Fuerrichtung gedréint ginn, datt een d'Matterhorn gesinn huet. 1977 ass eng speziell Gesellschaft fir d'Entwécklung vun enger ënnerierdescher Standseelbunn gegrënnt ginn, well erkannt gouf, datt wéinst deene laange Waardeschlaange moies beim Sessellift eng nei Transportméiglechkeet misst fonnt ginn. Obwuel mat 16 Milliounen Schwäitzer Frang gerechent gouf, huet déi Seelbunn schlussendlech bal 27 Millioune kascht. No 4 Joer Bauzäit ass d'Bunn den 28. November 1980 fir d'éischt gefuer. Déi Bunn ass beléift a bis 2002 sinn iwwer 17 Millioune Passagéier transportéiert ginn. D'Standseelbunn kann ouni Chauffer fueren, a fiert zanter 1996 mat 10 m/sec. Am Joer 1990 ass de Sessellift Zermatt-Sunnegga ofgebaut ginn. 1967 koum op der Eisfluh e Schilift dobäi. Dësen ass 2001 duerch e Sessellift ersat ginn. Duerch de Bau vum Petrullarve-Sessellift ass de Schilift op Blauherd 1980 ofgebaut ginn.[1]

Um Spaweck änneren

Commons: Sunnegga – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Agathe Wirz-Julen: Die Geschichte der Bergbahnen von Zermatt. Von den Anfängen bis zur erfolgreichen Fusion. Zermatt 2005