Sumasschedschaja pomoschtsch
Sumasschedschaja pomoschtsch (russ.: Сумасшедшая помощь, "Verréckt Rettung") ass e Film vum Regisseur Boris Chlebnikow aus dem Joer 2009. E skurril-komeschen Alldagsportrait vun engem desillusiounéierte Land.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Russland |
Produktiounsjoer | 2009 |
Première | 2009 |
Originalsprooch | Russesch |
Ekipp | |
Regie | Boris Chlebnikow |
Dréibuch | Aleksandr Rodionow |
Fotografie | Schandor Berkeschi |
Produzent |
Roman Borisewitsch Koktebel |
Schauspiller | |
Jewgeni Syty als Jenja Sergei Dreiden als Ingenieur Anna Michalkowa als Duechter Igor Tschernewitsch als Polizist Aleksandr Jazenko | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe guttmiddegen, e bësse luese Jewgeni (Jenja genannt) gëtt vu senger Famill aus sengem klenge wäissrusseschen Duerf fortgeschéckt op Moskau, fir datt e sech do e puer Suen als Hëllefsaarbechter verdénge soll. E gëtt do awer direkt Affer vun e puer Brigangen, déi em alles ofhuelen, dat en hat. Zesummegeschloen a verschotert gesäit et sou aus, wéi wann de Jenja dozou verdaamt wier, als Strummert weiderzeliewen.
Mä et geschitt e klengt Wonner. E pensionéierten Ingenieur hëlt sech dem Jenja senger un, léisst e bei sech wunnen an iessen. De Jenja muss e just op senge geheime Missioune géint déi alldeeglech Iwwel vun der haiteger Metropol begleeden. Sou mussen zum Beispill mysteriéis Messagen am Intenhaus geséchert ginn, oder eng friem Nopesch géint hire Wëlle virun hirem Mann, engem Polizist, gerett ginn.
Wéi dunn op eemol d'Duechter vum Ingenieur op Besuch kënnt, gëtt d'Welt fir de Jenja net méi einfach. Als éischt ignoréiert si en, duerno wëll se e fortjoen, a schlussendlech wëll se en dofir gewannen, hirem Papp "Pëlle géint Longenentzündung" opzeschwätzen, souguer wann deen dobäi säi Gesiicht verännere géif...
Trivia
änneren- De Boris Chlebnikow huet déi traureg Geschicht vun engem wäissrusseschen Hëllefsaarbechter als éischt als Dokumentarfilm gedréint.
- E gudden Deel vum Film, deen zu Moskau spillt, gouf a Wierklechkeet zu Jaroslawl opgeholl.
Gielercher
ännerenDe Film ass 2009 beim Wiesbadener "goEast"-Festival als Gewënner an der Kategorie "Bescht Regie" ervirgaangen.