De Submillimeter Array (SMA) ass e Radiointerferometer fir astronomesch Observatioune bei Frequenze vun 180 bis 900 GHz.

6 Radioteleskope vum Submillimeter-Array

Den SMA besteet aus 8 Radioteleskope mat jee 6 Meter Antennenduerchmiesser op enger Héicht vu op 4080 m beim Mauna-Kea-Observatoire op Hawaii. Déi eenzel Teleskope kënnen op verschidde Plazen transportéiert ginn. D'Basislinnen tëscht 2 Teleskopen kënnen tëscht 9 an 500 Meter erginn. Jee no Frequenz ergëtt sech domat eng raimlech Aufléisung vu bis zu 0,1″. 2008 waren Empfänger fir Frequenzen ëm 230, 345 an 690 GHz fäerdeg.

Déi aacht Teleskope vum SMA kënnen och mat den zwéin eenzele Submillimeterteleskopen op Mauna Kea – dem James Clerk Maxwell Telescope (15 m) an dem Caltech Submillimeter Observatory (10,4 m) – zum (eSMA) interferometresch verbonne ginn. Déi Kombinatioun erreecht duerch déi zwéi méi grouss Teleskope méi eng héich Empfindlechkeet a wéinst de méi laange Basislinnen (bis 783 m) och méi eng héich Opléisung, ass awer op Frequenzen ëm 230 an 345 GHz limitéiert.

Den SMA war den éischte Radiointerferometer dee fir Observatiounen ënner engem mm Wellenlängt konzipéiert gouf, a gouf am November 2003 offiziell a Betrib geholl. Et gouf an Zesummenaarbecht vum Smithsonian Astrophysical Observatory mat dem taiwaneschen Academia Sinica Institute of Astronomy and Astrophysics entwéckelt, gebaut a bedriwwen.

Als Radiointerferometer fir de Millimeter- a Submillimeterberäich erméiglecht den SMA héichopléisend Observatiounen z. B. vun der Wäermtemissioun vum Stëbs ëm jonk Stären oder a Galaxien, a vu Spektrallinne vu ville verschiddene Moleküllen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

SMA-Websäit bei SAO Eng Foto vun den Teleskopen