Caltech Submillimeter Observatory
De Caltech-Submillimeter-Observatoire (ofgekierzt CSO) ass e Radioteleskop fir Wellelängte am Submillimeterberäich. De Primärspigel huet en Duerchmiesser vu 10,4 m. D'Teleskop steet an der Géigend vum 15 m James Clerk Maxwell submillimeter telescope (JCMT) a gehéiert zum Mauna-Kea-Observatoire.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/40/Caltech-CSO-telescope_%28fix%29.jpg/300px-Caltech-CSO-telescope_%28fix%29.jpg)
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/b5/Caltech-Submillimeter-Observatory_%28straightened%29.jpg/300px-Caltech-Submillimeter-Observatory_%28straightened%29.jpg)
CSO a JCMT goufen an den 1990er Jore versuchsweis zum éischte Submillimeter-Interferometer verbonnen. Den Erfolleg vun dësem Experiment huet de Grondsteen fir d'Entwécklung vu weideren Interferometere geluecht, besonnesch vum Submillimeter Array an dem Atacama Large Millimeter Array.
Kuckt och
änneren- California Institute of Technology (Caltech)