Engem Streetworker seng Aarbecht ass et, Leit déi op der Strooss liewen oder sech vill do ophalen, ze hëllefen. Et mussen net onbedéngt Wunnengsloser sinn, et kënnen och einfach Leit sinn, déi Problemer hunn, déi se selwer net geléist kréien.

Streetwork zu Lëtzebuerg änneren

Zu Lëtzebuerg besteet de Service "Streetwork" zanter 2001. Et ass e Service, dee vun der Stad Lëtzebuerg mat 4 Associatiounen zesumme gestallt gouf. Dat sinn Caritas Accueil et Solidarité a.s.b.l., Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l., Inter-Actions a.s.b.l. an ASTI asbl.

Déi Initiativ gouf no enger Enquête vun der Stad Lëtzebuerg an d'Liewe geruff an huet mat enger Ekipp vun dräi Sozialaarbechter ugefaangen. Am Joer 2009 si 7 Streetworker zu Lëtzebuerg aktiv, a schaffen haaptsächlech ëmmer zu zwee zesummen. Si bekëmmere sech haaptsächlech ëm d'Stadsquartiere Gare, Gronn a Bouneweg.

Aarbecht vum Streetworker änneren

Streetworker sinn ausgebilt Fachleit an hunn eng Formatioun als éducateur gradué (éducatrice graduée) oder assistant(e) social(e). An enger éischter Phas besteet hir Aarbecht just doran, z'observéieren. Um "Terrain", de Secteur an deem de Streetworker aktiv ass, kucke si wéi eng Leit sech heefeg op der Strooss ophalen an do iwwer laang Zäit bleiwen.

D'Streetworker probéieren da mat deene Leit a Kontakt ze kommen, andeems si op se zouginn. Am Ufank fänkt et meeschtens just mat "Small Talk" un. An deene Gespréicher geet et meeschtens iwwer d'Wieder, de Foussball, asw. Si mussen ee Vertrauensverhältnes zu deene Leit opbauen. No enger gewëssener Zäit sinn d'Streetworker dann ëmmer méi an d'Grupp agebonnen an akzeptéiert. Si wëllen deene Leit vun der Strooss erof hëllefen, a probéieren hinnen sou eng besser Zukunft z'erméiglechen. Dacks gëtt d'Streetwork mat Drogenofhängegen, Alkoholiker a Strummerten a Verbindung gesat, dat ass awer net de Fall. D'Streetworker hëllefen och engem, e Liewenslaf ze schreiwen, wann een net domat eens gëtt, oder wann een z. B. kee Printer huet fir iergendee wichtegt Dokument auszedrécken.

D'Streetworker hu strikt Reegelen déi se anhale mussen. Sou ënnersti se zum Beispill enger absolutter Schweigeflicht, si däerfe weeder Suen nach Sprëtze verdeelen, an däerfen och d'Pabeiere vun de Clientë net kontrolléieren. Just en Täschegeld vu 50 Euro am Mount erlaabt de Streetworker enger Persoun vun der Strooss, fir mol eng Kéier eppes z'Iesse kafen ze goen.

Erkenne kann een d'Streetworker un hirer Posch déi si ëmmer bei sech hunn, an an deene si och eng kleng Éischt-Hëllef-Këscht hunn, fir wann ee sech eng Kéier verletze géif. Déi Posche si brong an et steet "Streetwork" drop. Et koum d'Diskussioun op, datt Streetworker sollten eng Uniform kréien, dat wollten d'Streetworker awer net, well et ze vill streng wierkt, an ze vill u Polizisten erënnert.

Aktivitéiten änneren

Et gëtt och verschidden Aktivitéite vum Service Streetwork organiséiert, fir déi verschidde "Cliquë" vun der Strooss. Zum Beispill ginn Danzcoursen ugebueden, déi vun engem, méi oder wéineger bekannten Dänzer gehale ginn, an no dem Training, gëtt dann och e Spektakel opgefouert. Bei sou Aktivitéite ginn d'Jugendlech geléiert fir disziplinéiert, verantwortungsvoll an all Prouf ze goen, an op een Zil hin ze schaffen. Et gëtt och scho säit e puer Joer e "Street Soccer"-Turnéier organiséiert, wou sech déi Jugendlech dann als Ekipp kënnen aschreiwen a matmaachen. Doduerch léieren déi jonk Leit, besser zesummen ze schaffen a mierken, datt een en Zil kann erreeche wann een zesummenhält. Déi Aktivitéiten erlaben et och, datt d'Streetworker an déi Leit vun der Strooss sech besser kenneléieren a sou ass d'Basis dofir geluecht, datt se de Streetworker hir Problemer erzielen.

Um Spaweck änneren