Zwielef
natierlech Zuel
Déi natierlech Zuel Zwielef (12) ass d'Nofollgerin vun der Eelef an d'Virgängerin vun der Dräizéng. Et ass eng zesummegesat Zuel a si ass gerued.
12 | |
---|---|
Zwielef | |
![]() | |
natierlech Zuel, abundant Zuel, pseudovollkommen Zuel, zesummegesat Zuel, gerued Zuel, Zwielefeckzuel, Ikosaederzuel, Fënnefeckzuel, Rechteckzuel, Harshad-Zuel, Moosseenheet | |
Virgänger | Eelef |
Nofollger | Dräizéng |
Ordinalzuel | zwieleft |
Eegenschaften | |
Primfacteur(en) | 2, 3 |
Deeler | 1, 2, 3, 4, 6, 12 |
Zuel vun Dezimalzifferen | 2 |
Aner Duerstellungen | |
Réimesch | XII |
Binär | 1100 |
Oktal | 14 |
Duodezimal | 10 |
Hexadezimal | C |
![]() |
D'Zwielef ass eng abundant Zuel, well d'Somm vun den Zuelen duerch déi se sech deele léisst, Deeler genannt, (1, 2, 3, 4 a 6) méi grouss ass wéi se selwer.
Dat réimescht Zeeche fir d'Zwielef ass XII.
E Polygon mat zwielef Säiten ass en Dodekagon.
Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Zwielef d'Uerdnungszuel vum Magnesium.
Besonnesch am Handel schwätzt ee bei zwielef gläichaartege Saachen, déi zesummegefaasst ginn, vun enger Dosen.
Um Spaweck
ännerenCommons: Zwielef – Biller, Videoen oder Audiodateien |