Stjerneborg war en Observatoire vum däneschen Astronom Tycho Brahe deen ënnerierdesch ugeluecht gouf. E louch zimmlech no beim Observatoire vum Palais Uraniborg op der Insel Ven am Øresund. De kinnekleche Baumeeschter Hans van Steenwinckel den Eeleren huet Stjerneborg fir de Brahe am Joer 1586 gebaut.

Vu op Stjerneborg
Stjerneborg haut
Schematesch Duerstellung vun de Kellerraim

De Brahe hat dem Observatoire de laténgeschen Numm Stellaburgi ginn. Den Numm bedeit Schlass vun de Stären. Den Observatoire war gréisstendeels ënnerierdesch ugeluecht, soudatt d'Instrumenter ënner de Sandschichten op festem Ënnergrond stoungen.

Ab der Stjerneborg ware follgend Instrumenter installéiert: E Quadrant mat 1,55 m Radius an eng equatorial Armillarsphär, mat där Wénkele mat bis zu enger Bouminutt Genauegkeet gemooss konnte ginn.

Déi ënnerierdesch Deeler goufen an de Joren 1950/51 ausgegruewen a spéider mat enger Kuppel iwwerbaut, an där zanterhier ëffentlech Multimedia-Virféierunge gemaach ginn.

Literatur änneren

  • Harry Manos: Tycho Brahe's Stjerneborg. In: The Physics Teacher, Bd. 41, Nr. 8, 2003, S. 469–471.

Um Spaweck änneren

Commons: Stjärneborg – Biller, Videoen oder Audiodateien

  Portal Astronomie