Stephan Beissel
däitsche Jesuitt a Konschthistoriker
De Stephan Beissel (Karl Christian Stephan Hubert Beissel), gebuer den 21. Abrëll 1841 zu Oochen, gestuerwen den 31. Juli 1915 zu Valkenburg, war en däitsche Jesuitt a Konschthistoriker.
Stephan Beissel | |
---|---|
Gebuer |
21. Abrëll 1841 Oochen |
Gestuerwen |
31. Juli 1915 Valkenburg aan de Geul |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Konschthistoriker |
No sengen Theologiestudien zu Bonn an zu Münster gouf de Stephan Beissel 1864 zu Köln zum Priister geweit. 1871 ass hien an de Jesuittenuerden agetrueden. Vun 1877 bis 1880 huet de Beissel sech a Frankräich an an England opgehalen, déi meescht Zäit huet hien awer an Holland verbruecht.
De Beissel, deen zanter 1880 Mataarbechter vun der Zäitschrëft Stimmen aus Maria Laach war, huet awer och eng Zäit zu Lëtzebuerg am Schrëftstellerheem vun de Jesuitten um Lampertsbierg gelieft.[1]
Publikatiounen (Auswiel)
änneren- Geschichte der Trierer Kirchen, ihrer Reliquien und Kunstschätze. Trier, Paulinus-Druckerei, 1887-1889. [1]
- Bd. 1: Gründungsgeschichte. 240 S.
- Bd. 2: Zur Geschichte des hl. Rockes. 324 S.
- Geschichte der Verehrung Marias in Deutschland wärend des Mittelalters: ein Beitrag zur Religionswissenschaft und Kunstgeschichte. Freiburg i. Br., Herder, 1909. XI, 677 S. [2]
Literatur
änneren- DBE, 1995. Beissel, (Karl Christian) Stephan (Hubert). In: Deutsche Biographische Enzyklopädie (DBE). Bd. 1. München, K.G. Saur, S. 406.
- Bautz, F.W., 1990. Beissel, Stephan. In: Biographisch-Bibliographisches Kirchenlexikon (BBKL), Band I, Sp. 468.
Referenzen
änneren- ↑ E. Krier, 1994. Das Schriftstellerheim der deutschen Jesuiten in Luxemburg. Hémecht 46 (1), S. 265.