Stenge Schëff oder Schëffssetzung ass den Numm fir e fréiert Begriefnesritual virun allem a Skandinavien, ma och am Norde vun Däitschland an an de Baltesche Staaten. Et si Griewer (meeschtens mat Urne vun ageäscherte Läichen) ronderëm déi grouss Steng opgeriicht goufen, déi d'Form vun engem Schëff nogemaach hunn. Esou "Schëffer" konnten nogewise ginn aus der Zäit vu ronn 1000 v. Chr. bis 1000 n. Chr., d.h. der spéider Nordescher Bronzezäit.

Stenge Schëffer zu Anund a Sweden.

D'Gréisst dovu variéiert, verschiddener hu monumental Proportiounen: Dat gréisst Stenge Schëff, dat bekannt ass, ass d'Stenge Schëff vu Jelling (haut gréisstendeels zerstéiert) an Dänemark, dat op d'mannst 170 Meter laang war. A Schweden variéiert hir Gréisst vu 67 Meter (Ales stenar) bis just e puer Meter.

Och d'Orientéierung ass net ëmmer déi selwecht.

Um Spaweck änneren

Commons: Stone ships – Biller, Videoen oder Audiodateien