Ales stenar oder Ale stenar ("Dem Ale seng Steng") an der schweedescher Gemeng Ystad, an der Provënz (län) Skåne ass e sougenannt Stenge Schëff (skeppssättning), dat 67 Meter laang an 19 Meter breet ass. Et ass eent vun de gréissten erhalenen a Skandinavien. Et ass eng Touristenattraktioun a steet ënner Monumenteschutz.

Ales stenar vum Westen aus

D'Steng stinn op engem 37 Meter héijen Hiwwel, direkt op der Küst vum Baltesche Mier, bei der Uertschaft Kåseberga.

Déi 0,5 bis 1,8 Tonne schwéier Steng, sinn a Form vun engem Schëff opgestallt. Déi um Bug an um Heck si mat ronn 3 Meter déi héchst, zu der Mëtt hi gi se méi kleng.

Objeten, déi bei enger archeologescher Ausgruewung 1997 fonnt goufen (Feiersteng, Keramikschierbelen, Mënscheschanken) an déi zur selwechter Zäit wéi d'Steng dohikomm misste sinn, erméiglechen et, dës Installatioun op circa 600 n. Chr. ze datéieren.

Nërdlech dovu goufen 2006 um Buedem d'Konture vun engem Krees mat enger rechteckeger Struktur bannendran nogewisen, wat drop hiweise kéint, datt Ales stenar ufanks en Deel vun engem méi grousse Komplex war.

Et gëtt ugeholl, datt et e Grafmonument war.

De schweedeschen Dichter Anders Österling (1884–1981) huet s'a sengem bekanntste Gedicht Ales stenar aus der Gedichtsammlung Tonen från havet (1933) beschriwwen.

Um Spaweck änneren

Commons: Ales stenar – Biller, Videoen oder Audiodateien