D'Juegdstee ass eng speziell Form vu Stee, déi prinzipiell al néng Joer vum Collège des syndics ofgehale gëtt fir d'Juegdrecht vun engem Juegdlous un een oder méi Jeeër ze verpachten.

Se muss spéitstens virum 15. September vum leschte Juegdjoer organiséiert ginn an d'Annonce ass an zwou Dageszeitunge wéinstens véierzéng Deeg am Viraus ze publizéieren.

Wien däerf steeën? änneren

Et muss eng physesch Persoun sinn, si muss e gültege Joresjuegdschäin hunn a si muss eng Kautioun deponéieren, déi de Pacht plus d'Tax fir déi ganz Dauer vum Bail deckt.

D'Gemengen an de Staat kënnen och e Lous steeën.

Et kënne méi Jeeër zesummen e Lous steeën. Maximal ass ee Jeeër pro 100 Hektar vun der Fläch vum Lous an nach ee fir de Rescht zougelooss.

Oflaf änneren

De Collège des syndics kontrolléiert ufanks, ob déi intresséiert Persounen d'Konditioune vun der Stee erfëllen. Et däerf héchstens mat 50 Euro iwwerbuede ginn an no all Mise muss iwwerwaacht ginn, ob d'Kautioun se nach deckt.

Wa kee méi bitt a wann d'Mise déck genuch ass, da stëmmt de Collège des syndics an engem geheime Vott of, wéi eng vun de leschten dräi Misen den Zouschlag kritt. Wann d'Offeren ze niddereg bléiwen, kann de Collège des syndics d'Stee aussetzen an d'Lous bannent engem Mount nach eng Kéier an d'Stee ginn. Bei där Stee muss ee vun de leschten dräi Montanten ugeholl ginn.[1]

Kontrakt änneren

De Kontrakt muss de Bestëmmunge vum Groussherzogleche Reglement vum 2. September 2011 iwwer d'Standardbedingunge fir d'Pachte vum Juegdrecht entspriechen a muss vum Collège des syndics, vum Sekretär-Tresorier a vun deem oder deenen, déi den Zouschlag kruten, ënnerschriwwe ginn an ass eréischt nom Accord vum Minister gülteg.

Am Kontrakt kënnen nodréiglech, an de Limitte vum Lous, nach aner Jeeër bäikommen. Et däerf awer kee vun deenen zwéi sinn, déi op d'Lous matgesteet haten a bei de leschten dräi Misë bei der Stee ecartéiert goufen. Dat Ganzt muss schrëftlech mam Accord vum Collège des syndics an dem Minister gemaach ginn.

Wann de Kontrakt opgeléist gëtt, zum Beispill wéinst dem Doud oder der Faillite vum Piechter, da muss de Collège des syndics d'Lous bannent 30 Deeg erëm frësch versteeën. Den neie Kontrakt leeft da keng néng Joer méi, mä just nach fir de Rescht vu der Gëltegkeetsdauer vum Originalkontrakt.

Präis pro Lous a Bezierk [2] 2021-2030 änneren

Zentrum-Osten Zentrum-Westen Osten Norden Süden
Minimum 1.000 € 750 € 500 € 350 € 25 €
Moyenne 6.111 € 5.955 € 9.522 € 7.066 € 4.703 €
Maximum 17.400 € 25.000 € 24.400 € 24.200 € 18.150 €

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Groussherzoglecht Reglement vum 2. September 2011 iwwert d'Prozedur an d'Modalitéite vun der ëffentlecher Stee
  2. Bulletin technique de l'administration de la nature et des forêts en matière de gestion de la faune sauvage et de chasse - numéro 9 Säit 56 Tabell 1