De sougenannte Standard vun Ur ass eng hëlze Këscht aus engem Kinneksgraf (Nr. 779) um Kinnekskierfecht vun Ur, haut am Irak. D'Graf gëtt op den Zäitraum vun 2850 bis 2350 v. Chr. datéiert, d.h. déi sougenannt Fréidynastesch Zäit a Mesopotamien.

"Krich"
"Fridden"

Dës hëlze Këscht ass 21,59 cm breet an 49,53 cm laang, an uewe méi schmuel wéi ënnen. Si ass op de Längssäite ronderëm mat dräi Frisen dekoréiert, déi ënnereneen ubruecht sinn. Si weise Mënsche souwuel am Fridde wéi och am Krich; ze gesi sinn ë. a. och Ieselsgespaner. Op der enger Säit, der "Krichssäit", gëtt eng Kampfzeen gewisen, op där anerere, der "Friddenssäit", eng Zeen vun engem Symposion oder engem Banquet. Op de schmuele Säiten ware Fabeldéieren ofgebilt, dës ware méi schwéier ze rekonstituéieren. D'Frise sinn aus engem Mosaik vu Muschelschuel, Kalleksteen, Lapislazuli a Bitumen zesummegesat.

Et ass net genee gewosst, fir wat d'Këscht gebrauch gouf. D'Reschtrer dovu goufen ëm 1920 vum Leonard Woolley fonnt. D'Holz war vermuuscht, ma d'Stécker vum Mosaik louchen nach op hirer ursprénglecher Plaz, soudatt d'Këscht rekonstruéiert konnt ginn. Si gëtt haut am British Museum ausgestallt (ME 121201).

Literatur änneren

  • Neil MacGregor: Eine Geschichte der Welt in 100 Objekten, Beck, München, 2011. ISBN 978-3-406-62147-5. Seiten 103–113 (mit Abbi.)
  • Eva Strommenger, Aufnahmen von Max Hirmer: Ur, München, 1964, S. 17–18, Tafel 13–15

Um Spaweck änneren

Commons: Standard of Ur – Biller, Videoen oder Audiodateien