Stadio Marcantonio Bentegodi

Fousballstadion zu Verona


De Stadio Marcantonio Bentegodi, oder just Stadio Bentegodi, ass e Sportsstadion zu Verona. Et ass e Stadion dee komplett mat Sëtzplazen ekipéiert ass, a mat 31.045 homologéierte Plazen ass et den aachtgréisste Stadion an Italien.

Stadio Marcantonio Bentegodi
Plaz Verona, Italien
Baujoer 1963
Renovéiert 1989
Koordinaten 45° 26’ 7.28’’ N
      10° 58’ 7.13’’ O
Kapazitéit
Total 39.211
homologéiert 31.045

De Stadion, deen aus Athleetiksinstallatiounen an aus engem Foussballsterrain besteet, gouf 1963 fäerdeg an 1989, fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft vun 1990, restrukturéiert. D'Architektur ass vum Architekt Leonardo Barucchello .

De Foussballsterrain ass 105 × 68 m grouss. De Stadion ass nom Marcantonio Bentegodi (1818-1873), engem Politiker a Fërderer vum Sport zu Verona am 19. Joerhonnert, benannt.

Um Stadion spillen déi zwou Ekippe vu Verona, den Hellas Verona an de Chievo Verona, hir Heemmatcher. De Lokalderby tëscht Hellas a Chievo gëtt Derby dell'Arena, no der Arena vu Verona, genannt.

2009 gouf um Daach vun den Tribünen eng Photovoltaikanlag installéiert (9.591 Photovoltaikmoduler déi bis zu 1000 kWh bréngen). Et ass domat déi gréisst Photovoltaikanlag déi jee op e Sportskomplex an Italie gebaut gouf a bis elo (2019) déi eenzeg op engem Stadion an Italien.

Um Spaweck änneren

Commons: Stadio Marcantonio Bentegodi – Biller, Videoen oder Audiodateien