Marcantonio Bentegodi

italieenesche Sportspionéier

De Marcantonio Bentegodi, gebuer de 25. Abrëll 1818 zu Verona, a gestuerwen den 11. August 1873 och do, war en italieenesche Politiker a Fërderer vum Sport.

Marcantonio Bentegodi
Gebuer 25. Abrëll 1818
Verona
Gestuerwen 9. August 1873
Verona
Nationalitéit Kinnekräich Italien
Aktivitéit Politiker, Dokter

De Bentegodi gouf de 25. Abrëll 1818 zu Verona, dat deemools nach ënner éisträichescher Herrschaft war, gebuer. Op der Uni huet hie Medezin studéiert an als jonke Medezinner huet hie vrun allem nom Motto mens sana in corpore sano gelieft. Hie war nieft sengem Beruff am Veräinsliewen an och och sportlech aktiv. Hie war e passionnéierten Turner a Fechter, déi deemoleg am meeschte bedriwwe Sportaarten. Wéi 1866 Verona un d'italieenescht Räich annexéiert gouf, huet de Bentegodi decidéiert sech an d'Politik anzemëschen. Hie gouf an de Gemengerot gewielt a gouf duerno och Member am Conseil fir d'Gesondheet.

1869 huet hie säin éischte gréissere Projet realiséiert: hien huet en Omnisportsveräi gegrënnt, den éischten a ganz Italien. Den 1. Juni 1869 gouf d'Società veronese di ginnastica e scherma gegrënnt, vun där hien den éischte President war an de Mäzen.

No ville Bränn a well et deemools wéineg Beruffspompjeeë gouf, an déi nach méi rar fräiwëlleg Pompjeeë waren entweeder kierperlech net fit oder konnten hiert Handwierk net, huet de Bentegodi decidéiert eng Sektioun fir Pompjeeën am Omnisportsveräin opzemaachen. D'Zil war fir gutt fräiwëlleg kierperlech fit Pompjeeën auszebilde fir d'Beruffspompjeeën z'ënnerstëtzen. All Gemeng aus der Provënz Verona gouf gebieden op d'mannst 5 Schüler an déi Sectioun ze schécken, déi sech dunn ëm d'Formatioun gekëmmert huet. Am August vum selwechte Joer, ass de Bentegodi 55järeg gestuerwen.

A sengem Testament, dat schonn am November 1871 geschriwwe gouf, hat de Bentegodi säi ganzt Verméigen, vun deemolegen 800.000 italieenesche Liren, der d'Gemeng vermaach, mat enger preziser Flicht: e Véirel dervu sollt an de Sport fir d'veronesesch Jugend investéiert ginn. Nieft dem Sport hat de Bentegodi och e groussen Interessi fir d'Landwirtschaft, mat engem aneren Deel vu sengem Verméige gouf deemno d'Technescht Agrarinstitut finanzéiert, dat och säin Numm krut, Istituto Technico Agrario Statale "M.A. Bentegodi" - Buttapietra .

Him zu Éiere gouf 1909 den éischte Foussballstadion zu Verona genannt. Den aktuelle Stadio Marcantonio Bentegodi, deen 1963 gebaut gouf, dréit och säin Numm.

Um Spaweck änneren

Commons: Marcantonio Bentegodi – Biller, Videoen oder Audiodateien