St. Paul's Islands
St. Paul's Islands sinn zwou onbewunnten Insele vum Malteeseschen Archipel déi zur Republik Malta gehéieren. Den Numm vun der Insel ass och an der Eenzuel gebräichlech (St. Paul's Island) well déi zwéi Fielsen déi d'Insel bilde mat engem Isthmus verbonne sinn, deen op der schmuelster Plaz just 20 m. breet ass. Well den Isthmus nëmme bei rauem Séigang iwwerspullt gëtt, zielen déi zwéin Deeler als ee Ganzt.
St. Paul's Islands | |
---|---|
Geographie | |
Land | Malta |
Läit an/am | Mëttelmier |
Gehéiert zu | Malta, Malteesesch Inselen |
Koordinaten | 35°58'0,98"N, 14°24'7,99"O |
Fläch | 0,101 km² |
Längt | 0,860 km |
Breet | 0,190 km |
Verwaltung | |
Demographie | |
Awunner | 0 |
Aner Informatiounen | |
St. Paul's Islands huet eng Fläch vun eppes méi wéi 10 ha. a läit 100 m. vun der Küst am Weste vu Malta, vun der St. Pauls Bay ewech.
Der Legend no soll am Joer 59 den Apostel Paulus Schëffbroch erlidden hunn, wéi en als Gefaangenen ënnerwee op Roum war. Him zu Éiere gouf eng Statu op der Insel opgeriicht, well hie soll do e schwéier Kranke geheelt hunn.
Um Spaweck
ännerenCommons: St. Paul Islands – Biller, Videoen oder Audiodateien |