St. Donatus (Iowa)
St. Donatus ass eng Uertschaft am Jackson County, Iowa, an de Vereenegte Staate vun Amerika, déi gréisstendeels op Immigrante vu Lëtzebuerg zeréckgeet.
St. Donatus | |
---|---|
Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
Bundesstaat | Iowa |
Fläch | 0,961888 km² |
Awunner | 120 (1. Abrëll 2020) |
Héicht | 204 |
Koordinaten | 42°21'38"N, 90°32'20"W |
Tete Des Morts
ännerenSt. Donatus läit 20 km südëstlech vun Dubuque, der nächster gréisserer Stad. D'Uertschaft ass eng selbstänneg Gemeng mam Status vun enger "City" a läit am Tete Des Morts Township.[1] Deen Numm soll d'Géigend ëm 1680 vum franséischsproochege belsche Missionnaire an Explorateur, dem Pater Louis Hennepin, deen do op déi iwwerall um Buede verstreet Iwwerreschter vun enger grousser Schluecht tëscht feindlechen Indianerstämm, Schanken an Doudekäpp, gestouss soll sinn.[2]
D'Township huet deen Numm bis haut behalen. D'Uertschaft awer verdankt hiren aktuellen Numm de lëtzebuergeschen Immigranten, déi sech an den 1840er Joren do néiergelooss hunn.
St. Donatus
ännerenInformatiounen, déi een an der Literatur oder um Internet fënnt si liicht ënnerschiddlech an dofir mat Virsiicht ze genéissen. Als éischte koum anscheinend ëm 1838 de John Noel an d'Géigend, a kuerz duerno deem seng Bridder Franz a Johann. Tëscht 1846 an 1847 sinn nach e puer lëtzebuergesch Siidlerfamilljen derbäikomm[3], dorënner de Peter Gehlen, deen dacks als de Grënner vum Duerf duergestallt gëtt[2]. 1851 gouf eng Kierch aus Holz ageweit, déi "St. Mary" gedeeft gouf. Well awer scho Kierche mat deem Numm an der Diözees existéiert hunn, ass decidéiert ginn, d'Kierch an d'Par a "St. Donatus" ëmzenennen. D'Joer drop hunn de Postbüro an d'Uertschaft deen Numm iwwerholl[3].
D'Populatioun
ännerenGéint Enn vum 19. Joerhonnert hunn am Township ëm déi 900 Leit gelieft. Zur Par St. Donatus hunn ongeféier 100 däitschsproocheg Familljen gehéiert, vun deenen der 85 aus Lëtzebuerg gestaamt hunn.[4]
Am Joer 2010 hunn 135 Leit zu St. Donatus gewunnt; am Joer 2000 waren et der nach 140.[5]
Historic Luxembourg Village
ännerenSt. Donatus ass bekannt fir seng al Haiser aus dem 19. Joerhonnert, déi no lëtzebuergescher Traditioun aus Steen, an net aus Holz sinn. St. Donatus gëtt dofir als déi Uertschaft betruecht, wou am meeschte no der "Old World"-Method gebaut gouf[6], an am Ganze figuréieren 20 Objeten oder Plaze vu St. Donatus am "National Register of Historic Places".[7] St. Donatus bezeechent sech voller Houfert selwer als "Historic Luxembourg Village".[8]
Déi aktuell kathoulesch Kierch vu St. Donatus (St. Donatus Catholic Church), déi virun allem op d'Lëtzebuerger Katholicken zeréckzeféieren a mat Steng gebaut ass, staamt aus der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert an huet d'hëlze Kierch, déi ofgebrannt war, ersat. Donieft gëtt et nach eng lutheranesch Kierch, d'St. John's Lutheran Church[9], déi vun däitsche Protestante gebaut gouf[10].
D'Pietà-Kapell, déi um Enn vun engem Kräizwee steet, deen de Paschtouer vu St. Donatus, de Michel (Michael) Flammang 1862 uleeë gelooss hat,[2] ass 1885 no dem Virbild vum Veianer Bildchen gebaut ginn.[11]
Bibliographie
änneren- Bunkers, Suzanne L.: Reflections of Luxembourg in the Rural Midwestern United States. Online (opgeruff de 7. August 2012).
- Ensch, Jean, 1990. Ein Luxemburger Auswandererdorf in Amerika unter Denkmalschutz: St. Donatus wird heute Samstag ins “National Register of Historic Places” aufgenommen. In: Luxemburger Wort, Jg. 143(1990), Nr. 93 (21. Abrëll), S. 8-9.
- Gardini, Fausto, 2007. St. Donatus, Iowa: a Luxembourg village. [Jacksonville, Florida]: [F. Gardini], [2007], 1 vol., n.p.
- Krieps, Rosch, 1958. Sankt Donatus in Iowa: Eine hunderjährige Luxemburger Siedlung mitten im Herzen der U.S.A. In: Letzeburger Illustre'ert Revue, 14 (1958) 38, S. 12-14, 33.
- Lenert, Paul & Fabienne Haupert, 1996. Zeugen Luxemburger Kultur in Amerika: wo die Amerikaner Kalmes, Speltz, Ries, Ungs und Lehnertz heissen. Rollingstone, St. Donatus und Luxemburg: eine Reportage. In: Luxemburger Marienkalender, Jg. 115(1996), S. 140-143.
- Marteling, Luc & Steve Müller, 2010. Luxemburg in der Welt. Luxembourg, Éditions Guy Binsfeld, 358 S. (St. Donatus - Historic Luxembourg Village: S. 49-57).
- Nilles, Léon N., 1972. Sankt Donatus: Luxemburger Friedhof in Amerika. In: Revue (Luxembourg), Jg. 27(1972), Nr. 45, S. 22-26.
- St. Donatus Luxembourg Heritage Society, 2004. St. Donatus Cookbook: 'Typical Luxembourgisch': Gudden Appetit! Compiled by members and friends of the St. Donatus Luxembourg Heritage Society. Audubon: Jumbo Jack's Cookbooks, VIII, 60 S.
- Stemper-Brickler, Liliane, 1990. Luxemburger Auswanderer in Amerika: St. Donatus, Iowa. In: Ons al Geschicht: die erste populär-wissenschaftliche Zeitschrift zur, heute, grenzüberschreitenden Erforschung der Familien-, Kultur-, Lokal-, Personen- und Territorialgeschichte der altluxemburgischen Region. Luxemburg, Nr. 1(1990), S. 15-20; Nr. 2, S. 11-15, Nr. 3, S. 10-13.
- Thielen, Thoralf Theodore, 1963. St. Donatus, Iowa: a bit of Luxembourg in America. [S.l.]: [s.n.], [1963]. - 9 S.
Um Spaweck
ännerenCommons: St. Donatus (Iowa) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Tete Des Morts Township
- ↑ 2,0 2,1 2,2 Mississippi Valley Traveler. [1] — Kuckt och: Bunkers (Bibliographie).
- ↑ 3,0 3,1 Marteling & Müller 2010.
- ↑ Gonner, N., 1889: Die Luxemburger in der neuen Welt. Dubuque. - Zitéiert no der Neioplo vun 1985: Illustrierte Neuausg. in 2 Bänden, hrsg. von Jean Ensch, Carlo Hury u. Jean-Claude Muller; unter Mitarbeit von Antoine Gonner u. Liliane Stemper-Brickler. Éditions-Reliures Schortgen, Esch/Uelzecht, 1985, S. 357.
- ↑ Population of the City of St. Donatus, Iowa Archivéiert de(n) 2013-06-09. Gekuckt de(n) 2012-08-07.
- ↑ St. Donatus Stone House, Iowa
- ↑ Luxembourg in America: St. Donatus, Iowa Archivéiert de(n) 2013-06-26. Gekuckt de(n) 2012-08-07.
- ↑ Lenert & Haupert 1996, S. 142.
- ↑ St. John's Lutheran Church, St. Donatus Iowa Archivéiert de(n) 2012-07-14. Gekuckt de(n) 2012-08-07.
- ↑ St. John's Lutheran Church
- ↑ Outdoor Way of the Cross & Pieta Chapel, St. Donatus, Iowa 52071 [2]
Pieta Chapel. [3]