De Stéphane Frédéric Hessel, gebuer den 20. Oktober 1917 zu Berlin a gestuerwen de 27. Februar 2013 zu Paräis, war e franséischen Diplomat, Ambassadeur, Resistenzler an Auteur.

Stéphane Hessel
Gebuer 20. Oktober 1917
Berlin
Gestuerwen 27. Februar 2013
14. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École normale supérieure,
École alsacienne,
London School of Economics,
École libre des sciences politiques,
Lycée Louis-le-Grand
Aktivitéit Diplomat, Schrëftsteller, politeschen Aktivist, RIF- Resistenzler
Famill
Bestuet mat Vitia Hessel

Seng Eltere waren Däitsch, an hien ass mat hinnen a Frankräich komm, wéi en 8 Joer hat. 1937 krut hien déi franséisch Nationalitéit. 1941 ass hien de Forces françaises libres zu London bäigetratt. Hien huet sech a Frankräich an der Resistenz engagéiert, gouf verhaft an op Buchenwald, duerno an d'Konzentratiounslager Dora deportéiert, wou e mat vill Chance iwwerliewe konnt.

1945 ass hien an de franséischen Ausseministère schaffe gaangen, an huet en Deel vu senger diplomatescher Carrière bei de Vereenten Natioune gemaach. Hie stoung politesch lénks an ass fir en Zesummewuesse vun Europa agetratt.

De Stéphane Hessel huet reegelméisseg zu Theemen ëm d'Mënscherechter, Leit ouni Openthaltsgeneemegungen, oder den israeelesch-palestinensesche Konflikt Positioun geholl. Bekannt gouf en ë. a. och duerch säi Manifest Indignez-vous !, dat 2010 erauskoum an e groussen internationale Succès hat.

Bibliographie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Stéphane Hessel – Biller, Videoen oder Audiodateien