Stärewollek
Als Stärewollek ginn an der Astronomie dicht Usammlunge vu Stären am Liichtband vun der Mëllechstrooss bezeechent, déi mat bloussem A nëmmen als Niwwelfleck erschéngen a meeschtens physesch zesummegehéieren. Si kënnen
- aus helle Stäre vun engem noe Spiralaarm vun eiser Mëllechstrooss bestoen oder
- aus enger gréisserer Stäregrupp, déi duerch absorbéierend Donkelwolleken eng visuell kompakt Form kréien oder
- en noe resp. besonnesch groussen Oppene Stärekoup sinn.
Déi bekanntst Beispiller fir déi dräi Aarte vu Stärewolleke sinn um Summerhimmel ze gesinn:
- d'Schëldwollek am Stärebild Scutum – tëscht Aquila (Aadler) a Sagittarius,
- de Mëtteldeel vum Stärebild Cygnus, ier sech d'Mëllechstrooss visuell deelt,
- déi kleng Sagittariuswollek am Stärebild Sagittarius
Literatur
änneren- Joachim Herrmann, DTV-Atlas Astronomie. DTV-Verlag, 15. Oplo
- Albrecht Unsöld, Der neue Kosmos. Springer-Verlag, Berlin 2005
- W. Tirion, R. Sinnott: Sky Atlas 2000.0, 2nd edition, Blätter 15–22, Cambridge University Press