D'Schëldwollek, oder och Scutum-Wollek genannt, ass eng besonnesch hell Plaz am Band vun der Mëllechstrooss. Si gouf nom nom klenge Stärebild Scutum genannt, an et et kann een eréischt am Teleskop hir Eenzelstäre gesinn.

D'Schëldwollek - hellste Plaz an der Mëllechstrooss südwestlech vum Stärebild Aquila

D'Stärewollek ass um Summerhimmel och vu Mëtteleuropa aus gutt z'erkennen. Si läit eppes südlech vum Himmelsequator tëscht de Stärebiller Aquila, Sagittarius an Ophiuchus um Rand vum Sagittarius-Aarm vun der Mëllechstrooss. D'Stärewollek gesäit zimmlech kreesfërmeg aus, huet en Duerchmiesser vun ongeféier 5 Grad an ass mam Messier 11 (Wëllintekoup, M11) ee vun de stäreräichsten Oppene Stärekéip vum Himmel. De Südrand mécht den M 26, e weideren helle Stärekoup.

Eppes méi südlech leien am ugrenzende Stärebild Sagittarius déi kleng an déi Grouss Sagittariuswollek, déi a Richtung vum galakteschen Zentrumdéi absolut hellst Plazen vum Mëllechstroosseband sinn.

Um Spaweck änneren

  • W. Tirion, R. Sinnott: Sky Atlas 2000.0, 2nd edition, Blatt 16, Cambridge University Press
  • M. Feiler, P. Noack: Deep Sky Reiseatlas. Oculum-Verlag, ISBN 978-3-938469-21-7