Spuereschëld
E Spuereschëld ass eng vertikal Signalisatioun, déi gëlteg ass fir eng oder méi Spuere vun enger Strooss, wann dës Strooss méi wéi eng Spuer an enger Richtung huet.
Zu Lëtzebuerg änneren
Am Texte coordonné vum Lëtzebuerger Code de la Route, deen an engem Arrêté grand-ducal vum 23. November 1955[1] festgehale gouf, an duerno e puermol geännert gouf, sinn d'Spuereschëlter am Kapitel V Voie publique, an der Sektioun IV De la signalisation routière am Artikel 107, ënner der Rubrik VII. Signaux applicables à une ou plusieurs voies d'une chaussée comportant plusieurs voies de circulation dans le même sens beschriwwen.
Lëscht vun de Spuereschëlter änneren
Bedeitung | Bezeechnung(en) | Bemierkung | |
---|---|---|---|
1 | Schëld mat engem Hiwäis op eng Gefor | ||
2 | Schëld mat engem Verbuet oder enger Restriktioun | ||
3 | Schëld mat engem Gebuet | ||
4 | Schëld mat engem Hiwäis | ||
5 | Schantjen-Schëld |
Technesch Donnéeën änneren
Op den Autobunnen sinn d'Feiler vun de Spuereschëlter wäiss op bloem Hannergrond an op den aneren Stroosse schwaarz op gielem Hannergrond. Am Kader vun der Kennzeechnung vu Schantercher sinn d'Feiler schwaarz op wäissem Hannergrond.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Spuereschëld – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Artikel 107 – VII. Signaux applicables à une ou plusieurs voies d'une chaussée comportant plusieurs voies de circulation dans le même sens aus dem Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques mat Ännerunge duerno, op Legilux - dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt de 14. Februar 2019.