D' Speicherstadt zu Hamburg ass e 26 Ha grousse Komplex vun historesche Lagerhaiser, am Hamburger Hafen, tëscht den Baumwall an dem Oberhafen. Si steet zanter 1991 ënner Monumenteschutz an ass zanter dem 5. Juli 2015, zesumme mam Kontorhausviertel an dem Chilehaus, op der Lëscht vum UNESCO-Weltierwen agedroen.

D' Speicherstadt vun der Poggenmühlenbréck aus gekuckt.

Si gouf tëscht 1883 an 1927 südlech vun der Altstad op de fréieren Elbinselen, Kehrwieder a Wandrahm, als Deel vum Hamburger Fräihafen, an dräi Bauphasen opgeriicht. Dofir goufen d'Haiser, déi do stoungen, ofgerappt, an eng 20.000 Leit hu missen anzwousch anescht ënnerkommen.

Dëse Fräihafe gouf gegrënnt, wéi Hamburg, dat bis zu der Grënnung vum Däitsche Räich zwar am Däitsche Bond, awer net am Zollveräin war, 1881 als Stad huet missen dem Zollgebitt vum Räich bäitrieden. Als Konterpartie gouf e Fräihafe gegrënnt, wou Wueren ouni Douanestaxe gelagert a verschafft ginn, an d'Douanestaxen eréischt fälleg goufen, wa se de Fräihafe verlooss hunn. Eréischt op den 1. Januar 2003 gouf d'Speicherstadt aus dem Territoire vum Frâihafen erausgeholl.

D'Lagerhaiser ("Speicher") sinn an neigotescher Zillenarchitektur gebaut a stinn op Dausende Péil aus Eechestämm. Si hunn all op där enger Säit Zougank zum Waasser (Fleet) an op där anerer zum Stroossennetz. Si hu meeschtens fënnef Stäck, an et ware virun allem Kaffi, Téi a Gewierzer, déi do gelagert goufen.

Zanter d'Wueren net méi a Säck, ma a Container transportéiert ginn, gëtt d'Speicherstadt ëmmer méi fir aner Fonctioune gebraucht: Büroen, Ausstellungen, Muséeën, asw.

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Michael Batz: Speicherstadt Story. Geschichten von Menschen und Handel. Koehler, Hamburg 2017, ISBN 978-3-7822-1277-9
  • Thomas Hampel, Heinz-Joachim Hettchem, Ralf Lange, Michael Batz: Speicherstadt. Ein Viertel zwischen Tradition und Vision. Christians, Hamburg 2004, ISBN 3-7672-1440-7.
  • Dierk Lawrenz: Die Hamburger Speicherstadt. EK-Verlag, Freiburg 2008, ISBN 3-88255-893-8.

Um Spaweck änneren

Commons: Speicherstadt – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Fiche op der Websäit vun der Unesco.