E Gespär ass bei Holzkonstruktiounen en Drowierk, bei deem d'Haaptlaascht déi op den Drodunne läit duerch schréi Verstriewungen opgeholl gëtt, an doduerch gläichméisseg op d'Maueren, Sailen, oder aner Opleeër weidergeleet gëtt.

Gespär an der Kärenhal vun 1860 zu Aire-sur-Adour

Gespärer ginn am Hausbau fir Daachkonstruktioune gebraucht, besonnesch bei Diech mat besonnesche Formen, déi net direkt duerch Maueren oder aner Stäipe gedroe ginn, an am Bréckebau.

D'Gespär fënnt een awer och am moderne Stolbau, a bei Eisebëtongskonstruktiounen am Bréckebau. Eng einfach Form vu Gespärer am Bréckebau sinn d'Fachwierkkonstruktiounen. Stäipe vun der rouder Bréck, sinn am Fong näischt anescht wéi e modernt stole Gespär.

A groussen Hale bestinn hëlze Gespärer hautdesdaags dacks aus geläimten Dunnen, Läimbënneren, déi duerch hir besonnesch Konstruktioun amstand sinn grouss Drowäiten ze garantéieren. Och am Bréckebau ginn dës agesat. Gespärer aus geläimten Dunnen hunn den Avantage datt se am Fall wou ee Feier ausbrécht, net sou séier zesummebriechen, wéi stole Konstruktiounen, déi sech béien, soubal wéi se eng gewëssen Temperatur kréien, ouni datt emol eng Flam drukënnt.

Bezeechnung vun de verschiddenen Deeler

änneren
Lëtzebuergesch Franséisch Däitsch
Viischt panne faîtière Firstpfette
Männchen poinçon Firstbänder
Iewescht Striew contrefiche Verstrebung
Iewescht Suel faux-entrait Kehlbalken
Gespiersuel entrait Ankerbalken
Daachholz/Puert panne Pfette
Dunn solive Deckbalken
Puertstriew lien Strebeband
Haaptzieder arbalétier Hauptsparren
Klengen Zieder arbalétier de jouée Stützbalken
Viischtstriew lien Strebeband
Gespärstriew contrefiche Gesperrstrebe
Käffer chevron Sparren

Bekannt Brécken déi mat hëlze Gespärer gebaut sinn

änneren
 
Verschidde Bréckegespärer

Um Spaweck

änneren
Commons: Gespärer – Biller, Videoen oder Audiodateien