Pileolus
Pileolus, vum Latäin pileus = Hutt oder Mutz, ass en Deel vum kierchleche Gezei, virun allem vun deene vun der ieweschter Hierarchie, wéi Äbt, Bescheef, Kardineel oder Peepst.
Jee no Positioun huet de Pileolus, am Lëtzebuerger Klerus Käppchen genannt, verschidde Faarwen:
- Schwaarz: Geeschtlechen
- Violett, Purpur: Bëschof
- Violett moiré:Apostoleschen Nuntius
- Schwaarz mat violetten Néit: Prelat
- Rout-moiré: Kardinol
- Wäiss-moiré: Poopst, Pauliner, Premonstratenser
- Brong: ganz seele bei Franziskaner a bei Benediktiner
Kuckt och änneren
Fir ze liesen änneren
Zeremoniale für die Bischöfe in den katholischen Bistümern des deutschen Sprachgebietes, Herder, Freiburg 1998, Anhang I,
Um Spaweck änneren
Commons: Pileolus – Biller, Videoen oder Audiodateien |