Sons of Odin
Sons of Odin ass eng Vereenegung déi am Abrëll 2006 gegrënnt gouf an zanter Mäerz 2007 eng A.s.b.l. ass. De Prinzip gläicht deem vun engem Jugendhaus, mat dem Ënnerscheed, datt et sech net nëmmen op eng Gemeng reduzéiert, mä datt se op ass fir all Mënsch.
Sons of Odin | |
---|---|
Bemierkungen | |
Form: | A.s.b.l. |
Sëtz: | Lëtzebuerg |
D'Iddi ass am Abrëll 2005 entstanen an duerno vun enger Grupp Leit realiséiert ginn. Sons of Odin organiséiert reegelméisseg sougenannt "Events", zu deene momentan (Stand: 3.3.2007) follgend gehéiern: Paintball, Bowling, Ausflich, Vakanzen, Partys/Baler, Sport- an Hobbytournoien, Billard
Events
ännerenPaintball: Sons of Odin organiséiert all Trimestervakanzen (Ouschtern-, Summer- an Chrëschtvakanz) en Dag Paintball. Meeschtens spillen d'Léit déi matginn ënner sech, mä heiansdo gi komplett aner Ekippe gefrot fir schlussendlech géindeneen unzetrieden. D'Terrainen op deene gespillt gëtt sinn e Mix aus sougenanntem "Woodland" (Bëscher, Hecken etc.) a "Recfields" (Hausruinen).
Bowling: Meechtens an de Vakanze gi Bowlingsowender organiséiert. Heibäi ginn normal Bowling-Reegele benotzt. De Gewënner erwaart op Tournoien ee klengen Kado an op normalen Owender e gudde Patt.
Ausflich: Zu den Ausflich gehéiern Visitten vu Stied an Dierfer oder einfach e Convoi an eng Stad déi bësse méi wäit fort ass, fir do ze profitéiern fir anzekafen.
Vakanzen: An der grousser Summervakanz gi Vakanzen organiséiert, wéi z. B. Center Parks oder änleches. Membere vu Sons of Odin kënne sech umelle fir hei matzegoen.
Partys/Baler: Partys a Baler ginn organiséiert, fir engersäits Reklamm ze maache fir Sons of Odin, anerersäits fir d'Suen ze sammeln, déi duerno als Don un eng Wueltätegkeets-Organisatioun ginn.
Sport an Hobbytournoien: Zu Sport- an Hobbytournoien gehéiern ënner anerem Billiard, Bowling an Ultimate Frisbee. Dat si sougenannten "Just-for-fun" -Tounoien, mat enger klenger Belounung fir den Gewënner respektiv Gewënnerteam.
Billard: Billiardowender gëtt et all puer Wochen. Meechtens ginn hei d'Hausreegele benotzt.
Rangsystem
ännerenSons of Odin huet en Rangsystem ageruff, deen allerdéngs näischt mat der Arméi ze dinn huet. Am Fong erlaabt dësen d'Matsproochrecht vun den eenzelen Member ze regléieren, decidéiere wien en T-shirt kritt an ze kucke wie wéi vill Reduktiounen zegutt huet. Jee nodeem wéi dacks een iergendwou matgemaach huet an/oder wéi dacks een nei a gutt Iddien an de Forum geschriwwen huet, klëmmt een ëm e Rang an d'Luucht, a sou steigeren sech och d'Virdeeler fir all Member. De Rangsystem ass sou opgedeelt:
Rang: | Numm: | Obligatiounen: | Virdeeler: |
1 | Initiand | Memberschaft | Keng speziell Käschte fir Events |
2 | Rekrut | Forum-Aktiviteit | T-Shirt |
3 | Krieger | Participatioun un engem Event | T-Shirt mat Numm an Rang |
4 | Sergent | Participatioun u méi wéi engem Event | Reduktiounen op T-Shirten |
5 | Major | Weider Participatiounen un Events | Reduktioune fir Events |
6 | Colonel | Kleng Organisatiounshellef | Matsproochrecht (1 Stëmm) |
7 | Graf | Organisatiounshellef an nei Iddien | Matsproochrecht (2 Stëmmen) |
8 | Baron | Laang Memberschaft, Organisatioun | Matsproochrecht (3 Stëmmen) |
9 | Hochlord | Dëse Rang ass fir d'Chefen | Matsproochrecht (4 Stëmmen), Veto |
De Rangsystem ass aus enger Mëschung vu modernen Arméiräng an alen Adels-Titelen. Dat soll weisen, datt Sons of Odin sech net eleng op déi aktuell Zäit bezitt, mä sech och vill un der Vergaangenheet inspiréiert.
Sons of Odin
ännerenDen Numm "Sons of Odin" kennt aus der nordescher Mythologie, un där sech d'Grënner inspiréiert hunn. Odin war den Haaptgott vun den ale Wikinger. De "Sons of" soll op déi haiteg Zäit hiweisen. Aus dësem Grond nenne sech déi drai Haaptgrënner och Thor, Vali a Balder. Dës waren déi dräi offiziell Jonge vum Odin. Och wann d'Grënner sech net als Gottheeten bezeechnen, sou ass dëst einfach nëmme fir dem Numm "Sons of Odin" gerecht ze bleiwen.
Zil
ännerenDéi eigentlech Iddi vu Sons of Odin ass fir de Leit d'Meiglechkeet ze ginn, bei Aktivitéite matzemaachen, déi eleng net meiglech sinn oder schwéier ze realiséiere sinn. Aus dësem Grond hat Sons of Odin d'Iddi, allméigleches z'organiséiern, fir de Leit hir Chance unzebidden.