Solférino (Bourg)
Solférino ass eng franséisch Uertschaft an der Gemeng Solférino am Departement Landes an der Regioun Nei-Aquitaine.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Vue an d'Uertschaft vu Süden hier | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Nei-Aquitaine | ||||
Departement | Landes | ||||
Arrondissement | Mont-de-Marsan | ||||
Kanton | Haute Lande Armagnac | ||||
Gemeng | Solférino | ||||
Postcode | 40210 | ||||
Gemengecode | 40303 | ||||
Koordinaten | 44° 08’ 47’’ N 00° 54’ 57’’ O |
Se läit am Parc naturel régional des Landes de Gascogne am Bësch vun de Landes
D'Uertschaft ass e Stroossenduerf riets a lénks vun der Allée du Centenaire[1] mat um Kapp am Norden d'Kierch, déi selwer am Zentrum vum Domaine impérial steet.
D'Uertschaft geet op d'Joer 1860 zeréck, wéi decidéiert gouf Aarbechterhaiser am Kader vun enger landwirtschaflecher Kolonie opzeriichten. Sou goufen nieft der Kierch, d'Märei an d'Paschtoueschhaus opgeriicht an duerno a Richtung Süden op all Säit 5 Aarbechterwunnenge mat engem grousse Gaart, déi haut nach all bewunnt an engem gudden Zoustand sinn. Just déi fréier Märei an d'Pastoueschhaus gesinn zimmlech schlecht aus.
Kuckeswäertes
änneren- D'Kierch Sainte-Eugénie
- Den Arboretum
Kuckt och
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ Huet am Ufank Allée Napoléon III geheescht.