Solar Dynamics Observatory

De Solar Dynamics Observatory (SDO) ass e Sonnefuerschungssatellit, deen den 11. Februar 2010 vun der NASA gestart gouf, fir d'dynamesch Virgäng op der Sonn ze studéieren, déi ënner dem LWS-Programm (Living With a Star) entwéckelt gëtt. Den SDO fiert mat de Miessunge vun der Sond SOHO weider. D'Käschte belafe sech op 856 Milliounen Dollar.

SDO
Den SDO wärend de Startvirbereedungen
Typ Sonnefuerschungssatellit
Land  USA
Agentur NASA
COSPAR-Bezeechnung 2010-005A
Bunnhéicht 34.600 km
Bunnschréi 28,5°
Mass 3100 kg
Gréisst 2,22 m × 2,22 m × 4,50 m
Bunn-Ëmlafzäit zirka 24 h
Exzentrizitéit
Start 11. Februar 2010
Startplaz Cape Canaveral LC 41
Drorakéit Atlas V
Status aktiv (5-10 Joer Aktivitéit virgesin)
De Missiounsemblem
D'Komponente vum SDO-Satellit

Start a Missiounsdauer

änneren

Den SDO-Satellit gouf am Goddard Space Flight Center vun der NASA gebaut. De Start war ufanks fir den 10. Februar 2010 geplangt, gouf awer wéinst staarkem Stuerm ëm 24 Stonne op den 11. Februar 2010 um 10:23 Auer (Uertszäit) verréckelt.

Fir de Satellit vum Cape Canaveral an eng geostationär Transferbunn ze brénge gouf eng Atlas-V-(401)-Drorakéit benotzt. Den SDO huet sech vun do mat Hëllef vu sengem eegenen Dreifwierk mat eelef Schubmanöveren an eng geosynchron Ëmlafbunn mat enger Bunnschréi vun 28,5° manövréiert, déi en de 16. Mäerz 2010 erreecht hat. D'Missioun soll op d'mannst fënnef Joer an dräi Méint daueren. Et ass awer genuch Dreifstoff fir eng zéngjäreg Missioun u Bord.

Den 21. Abrëll 2010 goufen déi éischt Fotoe publizéiert.[1]

Den SDO ass en dräi-Achse-stabiliséierte Satellit mat enger Gréisst vun 2,2 Meter mol 2,2 Meter mol 4,5 Meter, deen als Ganzt mat den Instrumenter a Solarpanéilen direkt op d'Sonn ausgeriicht gëtt. De Satellit huet en Apogäeumsdreifwierk fir den Aschoss an déi geosynchron Ëmlafbunn, souwéi verschidde kleng Lagreegelungsdreifwierker. D'Startmass war 3100 kg, dovun ware 1400 kg Dreifstoff an 270 kg wëssenschaftlech Notzlaascht. D'Solarpanéil mat enger Fläch vu 6,6 m² an enger Spanwäit vu 6,5 m produzéiert 1450 Watt Leeschtung.

Wëssenschaftlech Instrumenter

änneren

Den SDO huet follgend dräi Instrumenter u Bord:

  • Extreme Ultraviolet Variability Experiment (EVE): Dee vum Laboratory for Atmospheric and Space Physics entwéckelten EVE déngt fir d'Moosse vun der solarer extrem-ultravioletter Stralung (EUV) am Beräich vun 0,1–105 nm mat bis elo net erreechter Genauegkeet vun der Spektralopléisung (besser wéi 0,1 nm) bei gläichzäiteger héijer zäitlecher Opléisung (all 10 s e Bild).
  • Helioseismic and Magnetic Imager (HMI): Dee vun der Stanford University entwéckelten Helioseismic and Magnetic Imager (HMI) erméiglecht Miessunge vun der solarer Verännerlechkeet souwéi vu verschiddene Komponente vun der solarer magnéitescher Aktivitéit.
  • Atmospheric Imaging Assembly (AIA): Déi vu Lockheed Martin Solar and Astrophysics Laboratory entwéckelt Atmospheric Imaging Assembly (AIA) erméiglecht Fotoe vun der ganzer Sonnescheif an néng verschiddene Wellelängteberäicher am ultravioletten (UV) an extrem-ultravioletten (EUV) Frequenzberäich, souwéi am visuelle Beräich mat héijer zäitlecher a raimlecher Opléisung. Dee mat véier Kameraen ausgerëschten AIA mécht dobäi all 10 s e Bild an HDTV-Opléisung an aacht vun zéng Frequenzberäicher an enger Opléisung vu 725 km.

Kommunikatioun

änneren

Den SDO iwwerdréit déi gemoosse wëssenschaftlech Daten iwwer eng Héichvitessfunkverbindung mat 130 Megabit pro Sekonn am Ka-Band bei 26 GHz. Dofir huet de Satellit zwou Antennen. D'Betribsdate ginn iwwer S-Band iwwermëttelt. Eng speziell fir d'SDO-Missioun gebaut Buedemstatioun op der White Sands Missile Range mat zwou redundanten 18-Meter-Antennen empfängt d'Daten. Den Datestroum ka bis zu 300 Mbit/s erginn.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Solar Dynamics Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Nasa's Solar Dynamics Observatory returns first images BBC News, 21 Abrëll 2010; SDO First Light NASA, 21.Abrëll 2010,(gekuckt den 22. Abrëll 2010)