Sojus MS-01
Sojus MS-01 ass d'Missiounsbezeechnung fir e Fluch vum russesche Raumschëff Sojus op d'International Raumstatioun. Am Kader vum ISS-Programm dréit de Fluch d'Bezeechnung ISS AF-47S. Et ass de 47. Fluch vun engem Sojus-Raumschëff op d'ISS an den 153. am Sojusprogramm.
Sojus MS-01 | |
---|---|
Raumschëff | Sojus 7K-MS Seriennummer 731 |
Mass | ? |
Drorakéit | Sojus FG |
Crew | 3 |
Start | 7. Juli 2016, 01:36, 20:20 UTC |
Startplaz | Baikonur LC-1 |
Statioun | ISS |
Station Undockmodul | Rasswet |
Ukopplung | 9. Juli 2016, 04:06 UTC |
Ofkopplung | 30. Oktober 2016, 04:06 UTC |
Statiounsdauer | 112d 20h 29min |
Landung | 30. Oktober 2016 03:59 UTC |
Landeplaz | 148 km SO vun Scheskasgan, Kasachstan |
Dauer | 115d 02h 22min |
Orbit | 1811 |
Bunnschréi | 51,65° |
Apogeum - Perigeum | 247 - 199 |
Crew
ännerenHaaptcrew
änneren- Anatoli Alexejewitsch Iwanischin (2. Raumfluch), Kommandant (Russland/Roskosmos)
- Takuya Ōnishi (1. Raumfluch), Bordingenieur (Japan/JAXA)
- Kathleen Hallisey Rubins (1. Raumfluch), Bordingenieurin (USA/NASA)
Ersatzcrew
änneren- Oleg Wiktorowitsch Nowizki (2. Raumfluch), Kommandant (Russland/Roskosmos)
- Thomas Pesquet (1. Raumfluch), Bordingenieur (Frankräich/ESA)
- Peggy Annette Whitson (3. Raumfluch), Bordingenieurin (USA/NASA)
Missiounsbeschreiwung
ännerenD'Missioun bréngt dräi Crewmembere vun der ISS-Expeditioun 48 a 49 op d'International Raumstatioun.
Dat weiderentwéckelt Sojus-MS-Raumschëff koum fir d'éischt an den Asaz. Et ënnerscheet sech vun der fréierer Versioun ënner anerem duerch dat neit Kopplungssystem Kurs-NA.[1] Fir dat neit System ze testen, dauert de Rendez-vous mat der ISS zwéin Deeg, amplaz vu fréier sechs Stonnen. Dat gouf och bei de Missiounen duerno widerholl.
D'Undocke war den 30. Oktober 2016 um 0:35 UTC, domat gouf op der Statioun d'ISS-Expeditioun 50 mam Shane Kimbrough als Kommandant ugefaangen. D'Landung war de selwechten Dag um 3:59 UTC 148 km südëstlech vun Scheskasgan an der kasachescher Stepp.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Sojus MS – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ FliegerRevue Abrëll 2014, S. 9, Modern Sojus a Progress-Kapselen