Société d'étude et de construction automobile

D'Société d'étude et de construction automobile, oder SECMA, ass eng kleng Autokonstruktiounsfirma zu Aniche am franséischen Departement Nord.

Société d'étude et de construction automobile
Grënnungsdatum 1995
Sëtz Aniche
Branche Automobilindustrie
Homepage https://www.secma-performance.fr
E SECMA F16

D'Fabréck, déi 1995 vum Daniel Renard gegrënnt gouf, huet sech op Spaass-Gefierer spezialiséiert.

Modeller

änneren
  • Fun tech 340
  • Fun Buggy
  • 6 x 4
  • Fun Extre'm
  • Fun Runner

De Fun Runner

änneren

De "Fun Runner" gouf vum Constructeur als motoriséiert Dräirad virgestallt. E Véierzylindermotor vu Peugeot mat 1360 cm³ bitt bei 5.500 Touren an der Minutt eng Leeschtung vu 55 kW. Gedriwwe gëtt d'Gefier iwwer eng Ketten op déi hënnescht Duebelrieder. Déi viischt Pneuen hunn eng Gréisst vun 175/60-13, déi hënnescht 225/50-15. Spéitstens zanter 2009 ass en net méi am Handel a gouf vum méi staark motoriséierten F16 ersat.

Um Spaweck

änneren
Commons: Secma – Biller, Videoen oder Audiodateien