Société chorale grand-ducale Dommeldange

Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Société Chorale Dommeldange ass 1861 ënner dem Impuls vum Henri Lamesch a mat der Hëllef vun der Famill Collart, Besëtzer vum Dummeldenger Schlass, als Gesank- a Pomjeesveräin (Männerchouer) gegrënnt ginn. D'Pompjeesaktivitéiten hunn awer nëmme bis 1863 gedauert.

D'Famill Collart, déi de Veräin finanziell a moralesch ënnerstëtzt huet, huet och déi éischt 57 Joer de President gestallt, mam Jules Collart (1861-1863), Charles Collart (1863-1910) a Robert Collart (1910-1918).

Bei Geleeënheet vum 75. Grënnungsfest huet d'Groussherzogin Charlotte dem Veräin den Titel "Société Chorale Grand-Ducale" ginn.

1978 gouf de Chouer an e gemëschte Chouer ëmgestallt.

De Veräin ass Member bei der Union Grand-Duc Adolphe a bei der Union des Sociétés de Chant de la Ville de Luxembourg. Et ass haut eng Ekipp vun 30 Sängerinnen a Sänger ënner der Direktioun vum Michel Ronkart. Nieft den Aktivitéiten zu Dummeldeng selwer (Fréijoersconcert, Kannermaskebal, Concert-Apéro fir Haupeschdag an eng Chrëschtmatinee) hëlt de Chouer, op Invitatioun vun anere Veräiner, u Concerten deel. Donieft organiséiert en och "sozial" Concerten a Senioren- an a Fleegeheemer. De Repertoire ass international a reecht vu klassesch bis zäitgenëssesch Musek.

Um Spaweck änneren