Sneaker Marmalade war eng gratis lëtzebuergesch Zäitschrëft iwwer Schong. "Sneakers" ass den englesche Begrëff fir Sportschong, déi am Alldag gedroen ginn. Sneaker Marmalade gouf 2005 vum Fransous Gregory Kulus a vun der Islännerin Runa Egilsdottir gegrënnt.[1]

Si war op Franséisch an op Englesch, huet sech u Lëit tëscht 25 a 35 Joer geriicht an ass zweemol am Joer publizéiert ginn.[2]

De Sëtz vun der Redaktioun war an der Allée du Carmel um Fetschenhaff.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Interview vum 28. Dezember 2005 (2007; gekuckt de 15. Juni 2012)
  2. badboyben.com: SNEAKER MARMALADE (10. August 2007; gekuckt de 15. Juni 2012)