Skara Bray

lëtzebuergesch Museksgrupp

Skara Bray war eng lëtzebuergesch Rockgrupp, déi 1983 vum Patrick Hippert gegrënnt ginn ass. Se ware bis 1992 aktiv.

D'Band ass no der neolithescher Siidlung "Skara Brae"[1] op der Orkney-Haaptinsel virun der schottescher Nordküst benannt.

Geschicht änneren

Zur Ur-Besetzung hu gehéiert:

  • Patrick Hippert (Gittar a Keyboards)
  • John Oestreicher (Keyboards)
  • Raymond Schmit (Keyboards)
  • Rob Hengen (Bass)
  • Spéider koum nach de Luc Hensen (Batterie) dobäi.

De John Oestreicher huet d'Grupp schonn no kuerzer Zäit verlooss a gouf ersat duerch de Carlo Schmit. De Rob Hengen ass och ersat ginn duerch de Ralph Schmit. Mam Mick Wersant ass eng Passend Sängerin fonnt ginn.

Si hu sech Zäit gelooss mat Optrieden, well eréischt den 30. Mee 1987 war hiren éischte Concert. Virdrun hu se awer nach aner Projete gemaach, z. B. d'Musek fir de lëtzebuergesche Film D'Spillauer.

An der Zäit duerno hate se Optrëtter op Open-Air Festivaller an aner Concerten, hunn awer och Studioaarbecht gemaach, fir 1990 déi éischt CD New Blue erauszeginn.

De Bassist Ralph Schmit huet d'Grupp duerno verlooss. Ersat gouf en duerch de Marc Reichling. De Patrick Hippert huet fir den Eurovision Song Contest 1991 e Lidd komponéiert, dat du vum Mick Wersant als Sarah Bray gesonge ginn ass. Leider sinn et no deem Optrëtt Meenungsverschiddenheete mam Mick Wersant ginn an d'Grupp huet sech vun hirer Sängerin getrennt. Ersatz ass fonnt ginn an der Persoun vum Simone Weis. 1992 huet en Open-Air Concert zu Jonglënster kuerzfristeg ofgesot misse ginn, well den Drummer schwéier verletzt war, wat eng Paus vu 6 Méint mat sech bruecht huet. Duerno huet d'Band awer net méi zesumme fonnt.

Discographie änneren

  • 1990, New Blue (CD)

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Artikel iwwer Skara Brae op der englescher Wikipedia