De Sinus Rorislat. fir Bucht vum Da – ass en Ausleefer vum Oceanus Procellarum um Äerdmound. D'Bezeechnung staamt vum italieeneschen Astronom Giovanni Riccioli (15981671); déi offiziell Benennung koum 1935 duerch d'International Astronomesch Unioun.

De Sinus Roris, opgeholl vun der Raumsond Clementine.

Déi donkelgro Basaltfläch vum verstengerte Lavaséi huet e mëttleren Duerchmiesser vun 202 Kilometer. D'Mieresbucht läit op der äerdzougedréiter Moundsäit bei de selenographesche Koordinate 54° 00' Nord an 56° 36' West. Si geet am Süden um Mons Rümker an den Oceanus Procellarum iwwer an ass ëstlech mat dem Mare Frigoris verbonnen. Bannent der Bucht verleeft déi schmuel Moundrill Rima Sharp.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren