De Sinus Concordiae (lat. fir Bucht vun der Harmonie) ass e klengt buchtaartegt Moundmier beim Mare Tranquillitatis um Äerdmound. Den Numm gouf vun der Internationaler Astronomescher Unioun am Joer 1976 festgeluecht.

De Sinus Concordiae, Foto, opgeholl vun der Raumsond Clementine.

Déi donkelgro Basaltfläch vum verstengerte Lavaséi huet e mëttleren Duerchmiesser vun 142 Kilometer. Hie läit um Ostrand vum Mare Tranquillitatis bei de mëttlere selenographesche Koordinaten 10° 48' Nord an 43° 12' Ost. Nordwestlech vun him erstreckt sech de Sinus Amoris.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren