Sint Servaasbrug zu Maastricht

D'Sint Servaasbrug zu Maastricht ass eng Bréck iwwer d'Meuse zu Maastricht an der hollännescher Provënz Limburg.

Sint Servaasbrug zu Maastricht iwwer d'Meuse
Sint Servaasstatue op engem Pilier vun der Bréck

Si besteet aus zwéin Deeler. Den Deel deen un de lénksen Uwänner uschléisst ass am bloe Stee gebaut, an op der rietser Säit wou och d'Faart fir d'Schëffer ass, steet eng stolen Hiefbréck mat enger Längt vu 50 Meter.

De stengen Deel ass eng Boubréck déi 1280 gebaut gouf. Et ass déi eelst Bréck aus Steng an Holland. Si besteet aus 7 Béi déi hallefkreesfërmeg gebaut sinn, an all Bou huet eng Spanwäit vun 13,5 Meter.

D'Bréck ass 9 Meter breet an huet eng Totallängt vun 160 Meter (ouni de beweeglechen Deel).

Den Deel den haut eng stolen Hiefbréck ass, war fréier net sou breet. E war nëmmen 20 Meter breet an en huet aus enger hëlze Bréck bestanen, déi am Krichsfall séier konnt afgerappt oder a Brand gestach ginn. Géint 1680 gouf déi ganz Bréck renovéiert. Bis 1825 war den hëlzen Deel sou baufälleg ginn datt en huet missen ersat ginn, an et gouf eng stenge Bréck mat engem Kuerfbou gebaut.

Nodeem 1932 nërdlech dovun d'Wilhelminabrug gebaut war, gouf d'Sint Servaasbrug komplett restauréiert, an d'Schëffsfaart gouf 50 Meter breet gemaach. Op dësen Deel koum dunn eng stolen Dunnebréck leien, déi 1962 an eng Hiefbréck ëmgebaut gouf, d'Sint Servaas Hiefbréck.

D'Bréck ass als Rijksmonument klasséiert an huet d'Monumentenummer 028026.

1999 gouf eng nei Beliichtung fir d'Bréck installéiert déi vum belschen Architekt Charles Vandenhove ausgeschafft gouf.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren