Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Sinopora hongkongensis ass eng Bléieplanzenaart aus der monotypescher Gattung Sinopora an der Famill vun de Lorbeerplanzen (Lauraceae). Se gouf fir d'éischt als eng Planz aus der Syndiclis-Gattung beschriwwen, 2008 gouf s'awer als Aart an der neier Gattung Sinopora beschriwwen[1].

Sinopora hongkongensis
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Dikotyledonen
Ënnerklass Magnoliopsida
Uerdnung Laurales
Famill Lauraceae
Ënnerfamill Lauroideae(????)
Gattung Sinopora
Wëssenschaftlechen Numm
Sinopora hongkongensis
(N.H. Xia, Y.F. Deng & K.L. Yip) J.Li, N.H. Xia & H.W. Li, 2008

D'Aart ass zu Hong Kong (China) endeemesch[2]. Si wiisst an ëmmergrénge Lafbëschgebidder. D'Planz ass ganz rar a stoung zu Hong Kong ënner Naturschutz[3].

D'Sinopora hongkongensis ass e Bam dee bis 16 m héich ka ginn, mat engem Duerchmiesser vu ronn 90 cm. D'Blumme si gréngelzeg-giel. D'Friichte si gielzeg-brong, mat bis 4 cm am Duerchmiesser[3].

Referenzen änneren

  1. Archive copy Archivéiert op 2021-05-19. Gekuckt de(n) 2018-08-05.
  2. http://www.catalogueoflife.org/col/details/species/id/a1103a705ac98c5cb8a777b9a3a02f96
  3. 3,0 3,1 http://www.efloras.org/florataxon.aspx?flora_id=2&taxon_id=250090257