Sexuell Belästegung ass e mënschlecht Verhalen, dat sexuell motivéiert an onerwënscht ass. Et verletzt eng Persoun an hirer Würd, schüchtert se an oder beaflosst se negativ an hirem Aarbechts- oder Léierëmfeld. Déi Form vu Belästegung kann a verschidde Situatioune virkommen, wéi op der Aarbechtsplaz, an engem Ausbildungskontext, an der Ëffentlechkeet oder am Online-Beräich. Si manifestéiert sech duerch verbal, nonverbal oder physesch Handlungen a ka souwuel vu Friemen, wéi och vu bekannte Persounen ausgoen.

Eng Manifestatioun géint sexuell Belästegung a sexualiséiert Gewalt um Genfer Fraestreik (2022)

Definitioun an Typpen änneren

D'Sexuell Belästegung ëmfaasst e breede Spektrum vu Verhalensweisen, déi vu verbale Bemierkungen iwwer sougenannt "knaschteg" Witzer an net-ubruecht Beréierungen bis hin zu erzwongenem sexuelle Kontakt reechen. Et gëtt zwéi grouss Typpe vu sexueller Belästegung: verbal sexuell Belästegung a physesch sexuell Belästegung.

Verbal sexuell Belästegung änneren

Zu där Aart vu Belästegung ziele Kommentaren, Witzer, Bemierkungen oder Uspillungen, déi sexueller Natur, obszön an net vun der viséierter Persoun erwënscht sinn. Déi Handlunge kënnen déi betraffe Persoun emotionell belaaschten oder en desagreabelt oder feindlecht Ëmfeld schafen. Beispiller sinn:

  • obszön oder erniddregend Bemierkungen iwwert d'Ausgesinn,
  • hannendrupäifen,
  • indiskreet Ausfroen iwwer d'intiimt Liewen,
  • Opfuerderungen zu sexuellen Handlungen,
  • weisen oder verschécke vu pornografeschen oder sexisteschen Duerstellungen,
  • opdrénglech Blécker,
  • net-ubruecht Bréiwer, Noriichten, Appellen, oder Geschenker,
  • obszön Gesten.

Sexuell Belästegung an ëffentleche Raim, wéi op ëffentlechte Stroossen a Plazen oder am ëffentlechen Transport, gëtt am franséischen als harcèlement de rue an am engleschen als catcalling oder street harassment bezeechent.

Physesch sexuell Belästegung änneren

 
Eng Beréierung, wéi op der Foto, kann als onerwënscht Intimitéit erlieft ginn a gëllt dann als sexuell Belästegung

Physesch oder kierperlech sexuell Belästegung sinn onerwënscht Beréierungen, Kierperkontakt oder Versich, enger Persoun sexuell méi no ze kommen, ouni datt déi betraffe Persoun dozou hir Awëllegung ginn huet. Dat kann eng erhieflech Bedroung fir déi kierperlech Sécherheet an d'Wuelbefanne vun der Persoun duerstellen. Beispiller sinn:

  • ongewollt kierperlech Rapprochementer, besonnesch wa se widderholl ginn,
  • kierperlech Gewalt – an deem Fall, besonnesch bei schlëmmer sexueller Aggressioun wéi der Vergewaltegung, schwätzt ee vu sexualiséierter Gewalt.

Auswierkungen änneren

D'Auswierkunge vu sexueller Belästegung kënne schwéier Konsequenzen hunn a sech op déi physesch a psychesch Gesondheet vun der betraffener Persoun auswierken. D'Affer vu sexueller Belästegung kënnen ënner anerem follgend Problemer erliewen:

  • Psychesch Follgen: Affer kënnen ënner Angschtzoustänn, Depressiounen, Schlofstéierungen an engem gerénge Selbstwäertgefill leiden. Si kënnen och d'Vertrauen an aner Mënschen verléieren a sozial Interaktiounen evitéieren, fir weidere Belästegungen aus dem Wee ze goen.
  • Berufflech Konsequenzen oder Auswierkung op d'Bildung: Sexuell Belästegung op der Schaff oder an der Schoul kann d'Leeschtungsfäegkeet an d'Produktivitéit vun de Betraffene beanträchtegen. Affer kënne Schwieregkeeten hunn, fir sech op hir Aufgaben ze konzentréieren, a sech méiglecherweis gezwonge fillen, hir Aarbechtsplaz oder hir Schoul ze verloossen.
  • Gesondheetlech Konsequenzen: Sexuell Belästegung kann zu kierperleche Gesondheetsproblemer féieren, dorënner Kappwéi, Bauchwéi a Blutthéichdrock, déi duerch unhalende Stress verursaacht ginn.

Rechtlech Aspekter änneren

An de meeschte Länner gëtt et Gesetzer a Richtlinnen, déi sexuell Belästegung op der Aarbechtsplaz, a Bildungsariichtungen an an anere Beräicher verbidden. Déi Gesetzer variéiere vu Land zu Land; si hunn awer d'Zil, d'Affer ze schützen an d'Belästeger zur Rechenschaft ze zéien.

Affer vu sexueller Belästegung hunn dacks d'Recht, eng Plainte bei den zoustännegen Autoritéiten ze maachen. Zumindest an der westlecher Welt sinn d'Employeuren an d'Bildungsinstitutiounen dacks obligéiert, ugemoosse Mesuren ze ergräifen, fir sexuell Belästegung ze verhënneren an ze bekämpfen.

Zu Lëtzebuerg gëtt sexuell Belästegung (fr: harcèlement sexuel) am Code du travail verbueden, an d'Employeure sinn obligéiert, Preventiounsmesuren ze huelen a sexuell Belästegung ze ënnerbannen.[1]

Preventioun a Bekämpfung änneren

 
Schëld op engem Schantjen am Chile. Den Text bedeit: "Op deem Schantje päife mir de Fraen net no a si mi géint d'Belästegung op der Strooss".

D'Bekämpfung vu sexueller Belästegung erfuerdert eng ëmfaassend Approche, déi op Preventioun, Sensibiliséierung an ugemoossene Reaktioune berout. E puer Preventiounsmesure sinn:

  • Sensibiliséierungscampagnen iwwer sexuell Belästegung an hir Auswierkungen,
  • Formatioune fir Mataarbechter a Schüler, déi si iwwer dat anstännegt Behuele an d'Bedeitung vun der Awëllegung opklären,
  • d'Ausschaffen an Ëmsetze vu Richtlinnen a Prozedure fir Belästegungsvirwërf ze mellen an ze ënnersichen.

Quellen änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Lëtzebuerger Code du Travail, Art. L. 245-4.