Sergei Wladimirowitsch Michalkow

russeschen Auteur

De Sergei Wladimirowitsch Michalkow (ru: Сергей Владимирович Михалков, wëss. Transliteratioun Sergej Vladimirovič Michalkov) gebuer den 12. Mäerz (de 27. Februar nom Julianesche Kalenner) 1913 zu Moskau a gestuerwen de 27. August 2009 och do, war e russesche Schrëftsteller.

Sergei Wladimirowitsch Michalkow
Gebuer 28. Februar 1913 jul.
Moskau
Gestuerwen 27. August 2009
Moskau
Nationalitéit Sowjetunioun, Russescht Keeserräich, Russland
Aktivitéit Dramatiker, Dréibuchauteur, Dichter, Schrëftsteller, Kannerbuchauteur, Science-Fiction-Schrëftsteller, Liddertexter, Lidderschreiwer, Politiker, Prosaist, Publizist, Krichskorrespondent, Persoun vum ëffentleche Liewen, Iwwersetzer
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun
Member vun Schrëftstellerverband vun der UdSSR

Hie war den Auteur vu Kannerbicher, Gedichter an aneren Texter. Bekannt ass e virun alem dofir, datt en den Text fir déi sowjetesch Nationalhymn geschriwwen hat. Hie war e grousse Bewonnerer vum Stalin.

An den 1990er Joren huet hien den Text nei geschriwwe fir en onofhängegt Russland, awer ëmmer op där nämmlechter Melodie.

Um Spaweck änneren

Commons: Sergey Mikhalkov – Biller, Videoen oder Audiodateien