Eng Seibecken ass eng Schossel aus emailléiertem Blech, Aluminium, Stol oder Plastik déi ënnen e Sift huet.

Eng stole Seibecken

Seibecke ginn an der Kiche gebraucht fir Liewensmëttel ofdrëpsen ze loossen a fir Gromperen, Nuddelen oder Geméis ofzeschëdden.

E Synonym am Lëtzebuergeschen ass Seibar. Regional gi vu Variante benotzt: Seibeggel, Seibeggen a Seibeck.

Speziell Seibecke sinn déi méi grouss Seischosselen, déi gebraucht goufe fir d'Mëllech ze seien an deenen hiren Hals an d'Mëllechkan gepasst huet. Dobäi gouf Mëllech duerch e rengt Duch, d'Siffduch lafe geloss, oder och méi spéit an de 60er Joren, spezielle Filterpabeier. Dacks gouf um Haff fir dat Geschier och einfach nëmme Sei gesot.

Um Spaweck änneren

Commons: Colanders – Biller, Videoen oder Audiodateien