Eng Seefeblos ass en dënne Film aus Seefewaasser, deen eng huel Kugel formt, där hir Fläch an alle Faarwe blénkt. Si bleift gewéinlech just e puer Amenter stabil, ier se platzt, a reagéiert kriddeleg op Kontakt mat festen Objeten.

Seefeblosen

Seefeblose bestinn aus engem dënnen, dipolare Waasserfilm, op deem sech bannen a bausse Seefemoleküllen ofsetzen mat enger polarer, hydrophiler Carboxylat-Grupp op der Säit vum Waasser an dem onpolaren, hydrophoben Alkylrescht, dee vum Waasser ewechgedréint ass. D'Form vun enger Bull hu se wéinst der Uewerflächespannung, well eng Kugel am Verhältnes zu engem bestëmmte Volumen déi klengst Fläch huet.

D'Seef gouf viru ronn 5.000  Joer vun de Sumerer erfonnt, sou laang misst et deemno och scho Seefeblose ginn.

Literatur änneren

  • C. V. Boys: Soap-Bubbles. Their colors and the forces which mold them. Dover Publications, New York 1990, ISBN 0-486-20542-8
  • Hannelore Dittmar-Ilgen: Warum platzen Seifenblasen. Physik für Neugierige. Hirzel-Verlag, Stuttgart 2003, ISBN 3-7776-1149-2
  • Cyriel Isenberg: The Science of Soap Films and Soap Bubbles. Tieto Books, Clevedon North Somerset 1978, ISBN 0-905028-02-3
  • J. Vogel: Gerthsen Physik. Springer Lehrbuch. Springer Verlag, Heidelberg
  • C. V. Boys: Seifenblasen und die Kräfte, die sie formen, Natur und Wissen, Band W 13, Desch, München 1961

Um Spaweck änneren

Commons: Seefeblos – Biller, Videoen oder Audiodateien